
Op der UN-Konferenz zu Roum hu sech bal 200 Länner op e Finanzplang fir de Schutz vun der Natur an der Aartevillfalt iwwer e puer Joer gëeenegt - an dofir e rare Luef vun Ëmweltschützer kritt.
Véier Méint nom Mësserfolleg a Kolumbien huet sech déi 16. UN-Naturkonferenz zu der biologescher Villfalt praktesch a leschter Minutt op de Kompromëss gëeenegt. D’Treffen huet awer och der Preparatioun vum nächste Weltklimasommet am November a Brasilien gedéngt an um Enn souguer Ëmweltschutzorganisatiounen zefridde gestallt, déi soss éischter enttäuschend Konferenz-Resultater kritiséieren.
“D’Vertragsstaaten hu gewisen, datt si globalen Erausfuerderungen och a schwieregen Zäiten nach gemeinsam entgéinttriede kënnen”, sot de Florian Titze vu WWF Däitschland. “Dat ass en Hoffnungsschimmer fir den Aarteschutz an domat fir eise Wuelstand, eise Gesondheet an d’Sécherheet op dësem Planéit.” Och Greenpeace huet ervirgehuewen, datt sech d’Weltcommunautéit de groussen ekologesche Krisen offensichtlech och ouni d’USA géing stellen, “déi bei der Bekämpfung vun der Aartekris net matverhandelt a sech vum Paräisser Klimaofkommes getrennt hunn”.
Am Grondsaz ware sech d’Entwécklungslänner an déi méi räich Staate scho viru véier Joer op en “Weltnaturvertrag” mat Ziler eens ginn, déi bis 2030 erreecht solle ginn. Dozou gehéiert, op d’mannst 30 Prozent vun der weltwäiter Land- a Mieresfläch ze schützen. Donieft sollten déi bedeelegt Industrielänner all Joer 20 Milliarden Dollar fir de Schutz vun der Aartevillfalt ginn. 2030 sollen et dann 30 Milliarde sinn. Bis elo war allerdéngs net konkreet gekläert, wéi d’Finanzéierung gereegelt soll ginn. Nieft engem Plang dofir gouf elo och en Iwwerwaachungssystem en place gesat, fir déi tatsächlech Ëmsetzung vun der Initiativ besser iwwerpréiwen ze kënnen.
Zu der Eenegung koum et no dräi Deeg kuerz viru Mëtternuecht, éier eng nei Frist ofgelaf wier. Am Sall gouf et doropshi vill Applaus. Am November war d’COP16 a Kolumbien nach gescheitert - och, well no zwou Wochen net méi genuch Staaten zesumme waren. Vill vun den Delegéierten, virun allem aus Entwécklungslänner, hate sech schonn heem gemaach. Ëmweltschützer haten deemools vun enger Blamage geschwat.
RTL-News (8.11.24): Greenpeace an de WWF: Gemëschte Bilan no UNO-Biodiversitéitskonferenz COP16
RTL-News (8.11.24): Keen Accord op der COP16: Zu Lëtzebuerg sinn 29 Prozent vun de Fläche geschützt