Trotz Kritik vu RusslandUN-Vollversammlung stëmmt fir Zukunftspak

RTL Lëtzebuerg
D'UN-Memberlänner hunn e Sonndeg een Zukunftspak ugeholl, deen a 56 Punkten Äntwerten op déi grouss global Erausfuerderunge soll ginn.
© AFP/ANGELA WEISS

Am Zukunftspak, dee vun alle Memberen ausgeschafft gouf, gëtt et ënner anerem eng Absichtserklärung, fir de Sécherheetsrot ze reforméieren. Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres hat den Zukunftspak 2021 virgeschloen. Däitschland an Namibia haten an de leschte Joren de Virsëtz bei de Verhandlungen.

D’Dokument soll hëllefen, déi international Zesummenaarbecht ënnert anerem an de Beräicher Klimawandel a militäresch Konflikter ze verbesseren. D’Länner schwätze sech mat hirer Zoustëmmung ënnert anerem fir enger Welt ouni Atomwaffen an eng militäresch Ofrëschtung aus. Wat de Klimawandel ugeet, esou bekenne sech d’UN-Staaten och zu den an internationalen Accorde festgehalen Ziler fir d’Andämmung vum Klimawandel a senge Folgen.

Russland wollt d’Reformpläng fir d’Vereenten Natiounen tëschenduerch blockéieren. Beim Sommet zu New York huet de russeschen Ausseministère a leschter Minutt eng Ännerung vum Text gefrot.

Russland wollt an den Text mat abréngen, datt sech d’UN net a bannenzeg Ugeleeënheete vun de Memberlänner däerf abréngen. Dëst gouf vu Belarus, Syrien, Nordkorea, Nicaragua an dem Iran ënnerstëtzt. Déi russesch Demande gouf awer bei engem Vott zeréckgewisen.

Back to Top
CIM LOGO