Ukrain-KrichUrsula von der Leyen mam Zuch op Kiew

RTL Lëtzebuerg
D'EU-Kommissiounspresidentin gëtt ënnert anerem begleet vum EU-Chefdiplomat Josep Borrell an dem slowakesche Premier Eduard Heger.

D’Zerstéierung, déi d’russesch Truppen zu Borodjanka hannerlooss hunn, ass nach vill méi grujeleg, wéi d’Situatioun déi een zu Butscha erëmfonnt hätt. Dat sot den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj en Donneschdeg a senger deeglecher Usproch un d’Populatioun. Et wier een amgaangen d’Trümmer ze duerchsichen an et géing een nach méi Affer vun der russescher Besatzung fannen. Nodeems d’russesch Arméi sech aus de Viruerter ronderëm Kiew zréckgezunn hunn, goufen do Dosenden doudeg Ziviliste fonnt. Moskau kritt Krichsverbrieche reprochéiert.

Wéinst deene Faiten huet d’EU elo en Importstopp vu russescher Kuel decidéiert. Donieft duerf och kee Wodka méi importéiert ginn an d’Duechtere vum President Putin kommen op d’Sanktiounslëscht. Wéi déi franséisch EU-Presidence en Donneschdeg matgedeelt huet, hunn déi 27 Memberstaaten d’Propositioun fir e 5. Sanktiounspak vun der Kommissioun ugeholl. Russesch Schëffer dierfen net méi an europäesch Häfe fueren an et gi weider Strofe géint russesch Banken.

De President vum EU-Rot Charles Michel huet iwwerdeems Waffeliwwerung an der Héicht vu weidere 500 Milliounen Euro un d’Ukrain annoncéiert. Domat klëmmt de Budget fir militärescht Equipement fir d’Ukrain op 1,5 Milliarden Euro.

Fir Solidaritéit mat der Ukrain ze weisen, huet d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen sech an der Nuecht op e Freideg vu Polen aus mam Zuch op de Wee a Richtung Kiew gemaach. Hei soll si ënnert anerem den ukrainesche President Wolodymyr Selenksyj treffen. An hirer Delegatioun sinn och nach den EU-Chefdiplomat Josep Borrell, de slowakesche Premier Eduard Heger an eng Rei EU-Deputéiert.

D’USA hunn elo d’normal Handelsrelatioune mat Russland a Belarus gestoppt - d’Mesure krut eng absolut Majoritéit am Senat.

Nodeems Russland aus dem UNO-Mënscherechtsrot suspendéiert gouf, huet Moskau en Donneschdeg den Owend annoncéiert, datt ee géing aus dem Gremium austrieden. E Spriecher vum russesche President huet iwwerdeems en Donneschdeg Sky News en Interview ginn. Hei huet hien iwwerraschend vu grousse Verloschter op russescher Säit an der Ukrain geschwat. Dat wier eng gewalteg Tragedie.

Zu Mariupol da wieren op d’mannst 5.000 Mënschen ëm d’Liewe komm. Dat sot de vu Russland installéierten “neie Buergermeeschter”, de Chef vun de pro-russesche Separatiste vun Donesk. 60 bis 70 Prozent vun de Wunnenge wieren zerstéiert. D’Ukrain huet vun engem nach vill méi schwéiere Bilan geschwat.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO