
Sollt et net geschwë kloer Unzeeche fir eng Eenegung ginn, kéinten d’USA hirem Ausseminister Marco Rubio no d’Beméiunge fir e Fridden tëscht Russland an der Ukrain stoppen. Dat kéint scho bannent e puer Deeg geschéien, esou de Rubio zu Paräis bei engem Sommet mat Vertrieder vun der Ukrain a weideren europäesche Staaten.
Doriwwer eraus fuerdert de Rubio eng méi grouss Bedeelegung vun den Europäer. Esou huet hien no de Gespréicher Hoffnung geäussert, datt sech d’europäesch Länner weiderhin un de Verhandlungen iwwer eng Wafferou, déi d’USA leeden, bedeelege wäerten. “Ech denken, datt Groussbritannien, Frankräich an Däitschland eis dobäi hëllefe kënnen, d’Saache virunzebréngen an enger Léisung méi no ze kommen”, sot den US-Ausseminister um Fluchhafe vu Le Bourget viru senger Ofrees. “Mir wëllen, datt si sech weiderhin engagéieren.” De Rubio hätt hir Iddien “immens hëllefräich a konstruktiv” fonnt.
Doriwwer eraus huet de Rubio betount, datt sech an den nächsten Deeg entscheede géing, ob e Fridden an der Ukrain “méiglech” wier. Den US-President Trump wier zwar nach ëmmer un engem Ofkommes interesséiert, hätt awer vill “aner Prioritéite” weltwäit. D’USA wieren “um Bord ze hëllefen, (...) mä mir wäerten dës Beméiungen net iwwer Wochen a Méint weiderféieren”.
Wier en Accord net méiglech, géing den Trump wuel soen: “Mir si fäerdeg.” Et misst séier festgestallt ginn, ob eng Eenegung fir en Enn vum Krich an der Ukrain méiglech wier. Wann et béid Säiten eescht mam Fridde mengen, da wieren d’USA prett ze hëllefen.
En Donneschdeg ware fir déi éischt Kéier, zanterdeem den Donald Trump nees President ass, Vertrieder vun den USA an Europa fir Gespréicher iwwer d’Ukrain zesummen. Beim Sommet zu Paräis hunn de Rubio an den US-Spezialbeoptraagte Steve Witkoff mat ranghéije Vertrieder vun Däitschland, Frankräich, Groussbritannien an der Ukrain iwwer Weeër fir en Enn vum Krich beroden. Vu franséischer Säit heescht et, d’Gespréicher wiere “positiv” verlaf. Eng Fortsetzung vun den Negociatiounen ass nächst Woch zu London geplangt.
De Rubio huet säi russeschen Homolog Sergej Lawrow dono iwwer Telefon iwwer d’Gespréicher zu Paräis informéiert. “Déi encouragéierend Reaktioun op d’Konditioune vun den USA weist, datt Fridde méiglech ass, wann all Parteie sech ëm en Accord beméien”, sot de Rubio zum Lawrow, wéi et vum US-Ausseministère heescht. D’USA hätten all Konfliktparteien d’Basis vun engem dauerhafte Fridde gewisen. Och de russeschen Ausseministère huet den Uruff tëscht dem Rubio an dem Lawrow confirméiert.