
Engem Beamte vum Justizministère no hätt de kommissareschen US-Justizminister James McHenry dës Decisioun geholl, well hie géif mengen, dass déi concernéiert Beamte wéinst hirem Matwierken un den Enquêten net vertrauenswierdeg wieren, an d’politesch Agenda vum President net gewëssenhaft géingen ëmsetzen.
Bis ewell ass net kloer, wéi vill Beamten entlooss ginn. An den amerikanesche Medien ass vu méi ewéi enger Dose rieds.
De Spezial-Ermëttler Jack Smith, deen op nationalem Niveau an zwou Enquêtë géint den Donald Trump ermëttelt huet, huet de Justizministère scho virun zwou Woche verlooss. An den Enquêten, déi de Smith géint den Trump gefouert huet, ass et ëm de Verdacht vu Walmanipulatioun, Bedruch zum Nodeel vun den USA an d’Lagerung vu geheime Regierungsdokumenter am Trump senger privater Residenz a Florida gaangen.
Nom Trump senger Victoire bei de Presidentiellen hat de Smith gefuerdert, dass d’Enquêten ausgesat ginn. Dat, well d’amerikanesch Justiz an der Reegel keng amtéierend Presidente géif poursuivéieren.