
En amerikanesche Kampffliger huet e Méindeg am Golf vun Oman op en Uelegtanker geschoss, dee kee Pëtrol gelueden hat, an dëst immobiliséiert. Wéi et vum US-Militär heescht, hätt een d'Schäff attackéiert, well dëst trotz der US-Blockad versicht hätt, en iraneschen Hafen unzesteieren.
De Kampffliger vum Typ "F/A-18 Super Hornet" hätt op d'Maschinnen- a Steier-Raim vum Schëff geschoss, nodeems dësem seng Besatzung der Opfuerderung vun den Eenheete vum US-Militär net nokomm wier, heescht et op X vum US-Zentralkommando. Weider heescht et, dass den Tanker, deen ënnert dem Fändel vu Palau ënnerwee wier, net méi um Wee an den Iran wier.