Demokrate reprochéiere Verstouss géint TransparenzgesetzUS-Regierung wëll virop just Deeler vun Epstein-Akte verëffentlechen

AFP
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Trotz gesetzlecher Frist wëll d'US-Regierung virop just en Deel vun den Akten iwwer de gestuerwene Sexualstroftäter Jeffrey Epstein ëffentlech maachen.
© Epstein Files / Democrats

Den amerikanesche Vize-Justizminister Todd Blanche sot dem Sender Fox News, datt hie bis zum Enn vum Delai e Freideg d’Publikatioun vun “e puer honnertdausend Dokumenter” erwaarde géing, dorënner Fotoen an Texter. Weider Akte géingen eréischt an den nächste Woche verëffentlecht. D’Demokraten hunn der Regierung vum Donald Trump e Broch vum Gesetz reprochéiert.

De Verstouss géint d’Frist fir honnertdausende weideren Akten huet de Blanche mat héijen Oploe fir de Schutz vun den Affer vum Jeffrey Epstein begrënnt. De Justizministère géing aktuell all eenzelt Dokument préiwen a sécherstellen, “datt all betraffe Persoun - hiren Numm, hir Identitéit, hir Geschicht - souwäit néideg komplett geschützt gëtt”, sou de Blanche weider. Experte rechne mat ëmfangräiche Schwärzungen.

Vun der Demokratescher Partei koum direkt schaarf Kritik. De Leader vun den Demokraten am Senat, den Chuck Schumer, huet erkläert, datt d’Transparenzgesetz, dat vum Kongress am November fir d’Epstein-Akte gestëmmt gouf, wier ganz kloer: D’Trump-Regierung hätt dono 30 Deeg Zäit gehat, “all Epstein-Akten ze verëffentlechen”, huet de Schumer betount. “Dëst net ze maachen, ass e Gesetzesbroch.”

D’Gesetz, dat géint dem Trump säi Wëllen decidéiert gouf, schreift vir, all d’Akten an der Affär ëm den Jeffrey Epstein bis den 19. Dezember um Mëtternuecht US-Ostküstenzäit (samsdesmoies um 6 eiser Zäit) ze verëffentlechen. Sanktioune bei engem Verstouss sinn allerdéngs net virgesinn.

De Finanzeberoder Epstein, dee bis an héchst Kreesser vernetzt war, war 2019 dout a senger Zell am Prisong fonnt ginn. Dem Milliardär gouf reprochéiert, sëllege Meedercher a Frae mëssbraucht an u Prominenter weidergereecht ze hunn. Dem Donald Trump säin Numm war an de bis ewell verëffentlechten Akten op ville Plazen opgedaut, e perséinlecht Feelverhale konnt him allerdéngs net nogewise ginn.

Schonn zanter Jore fuerdere vill Supporter vum Trump, datt d’Akte komplett verëffentlecht ginn. Spekuléiert gëtt iwwer eng Lëscht mat aflossräiche “Clientë” vum Epstein, déi vun interesséierte Kreesser geheim gehale ginn. D’US-Justizministesch Pam Bondi hat virop d’Publikatioun vun der Lëscht an Aussiicht gestallt, hir Existenz am Summer dann iwwerraschend dementéiert.

Doropshin huet de Kongress mat onerwaarter Majoritéit d’Transparenzgesetz gestëmmt. Dës verflicht de Justizministère, “all net als geheim klasséiert Opzeechnungen, Dokumenter, Matdeelungen an Ermëttlungsmaterialien” an deem Fall ze verëffentlechen. Dëst gëllt och fir Dokumenter vum FBI an dem Parquet. Ausname sinn Dokumenter zu aktuellen Ermëttlungen oder Ënnerlagen, déi déi national Sécherheet a Gefor brénge kéinten.

Méint laang hat den Trump sech géint d’Publikatioun gestallt. Hien hat d’Epstein-Affär e “Schwindel” vun den Demokrate genannt, déi vu sengem Succès oflenke soll. Den Trump huet enk Relatiounen zum Epstein dementéiert, op scho publizéierte Fotoen an Dokumenter ass awer de Géigendeel ze gesinn.


Biller am Internationalen Noriichteniwwerbléck:

Internationalen Noriichteniwwerbléck vum 19. Dezember 2025
Wichteges aus der Welt kuerz zesummegefaasst.


Weider Artikelen zum Theema:



Back to Top
CIM LOGO