Wäerte "warscheinlech keng ganz Secteuren" treffenUS-Stroftaxe kéinte manner ëmfaassend ausfale wéi erwaart

RTL Lëtzebuerg
D'Stroftaxen, déi den Donald Trump fir Ufank Abrëll ugekënnegt hat, fale warscheinlech manner drastesch aus wéi bis ewell erwaart.
© Envato Gorlovkv

E Mataarbechter vun der US-Regierung huet der Noriichtenagence AFP géigeniwwer erkläert, datt nach keng Decisioun doriwwer gefall wier, ob d’Stroftaxe ganz Secteure betreffe wäerten. Datt d’Stroftaxe ganz Ekonomiessecteuren treffen, “ka geschéien oder net geschéien”, sou de Mataarbechter weider. D’Situatioun wier aktuell “nach am Floss”.

D’US-Noriichtenagence Bloomberg hat virdrun ënner Recours op Regierungsmataarbechter gemellt, datt d’Taxe méi zilgeriicht a manner ëmfaassend kéinte si wéi bis well ugeholl. Doriwwer eraus kéint et Ausname fir verschidde Länner oder Lännergruppe ginn. Och de Wall Street Journal huet gemellt, datt dat Wäisst Haus säi Fokus bei den Taxe méi limitéiert hätt a “warscheinlech keng ganz Secteure” mat Stroftaxe beleeë wäert.

Zu engem méi fréien Zäitpunkt hat den Trump nach signaliséiert, datt Ufank Abrëll Taxe géint ganz Secteuren am Ausland wéi Auto-, Pharma- an d’Chip-Industrie verhaange kéinte ginn.

D’US-Stroftaxe wieren awer weiderhi fir den 2. Abrëll geplangt, betount de Regierungsmataarbechter AFP géigeniwwer. Dobäi sollen d’Taxen op engem importéierte Produit vun engem Land an den USA grad esou héich si wéi fir de selwechten US-Produit an deem Land. Allerdéngs wëllen d’USA net nëmmen d’Taxe vun deenen anere Länner, mä och sougenannt “net-tarifär Handelshindernisser” wéi Subventiounen oder Regulariséierungen an d’Berechnung mat abezéien.

Datt déi nei Taxe wuel manner ëmfaassend wäerte sinn, hat d’US-Bourssen e Méindeg nees gestäerkt. De Leetindex Dow Jones ass ëm 1,2 Prozent geklommen, den Technologieindex Nasdaq ëm ronn 1,9 Prozent. Duerch déi aggressiv Tax-Politik vum Donald Trump waren d’Cotatiounen op den US-Bourssen an de leschte Wochen erofgerutscht.

Zanterdeem den Donald Trump als 47. US-President am Amt ass, huet hie sëllege Stroftaxe verhaangen oder annoncéiert, awer deels och erëm ausgesat. Hien notzt dës virun allem als Drockmëttel géint aner Staaten.

Back to Top
CIM LOGO