
Nom Militärputsch am Niger bleift déi international Kritik grouss. Den US-Ausseminister Blinken sot zu Washington, dass een op der Säit vun der westafrikanescher Staategemeinschaft ECOWAS géif stoen, déi fuerdert, dass de President Bazoum nees direkt misst fräigelooss ginn.
Dernieft gouf jo en Ultimatum gestallt. Bannent enger Woch misst déi demokratesch gewielte Regierung zu Niamey retabléiert sinn, anerwäerts schléisst d’Wirtschaftsgemeinschaft e Militär-Asaz net aus. Et wär een net gewëllt, déi selwer-ernannten Herrschaft vum Generol Tiani ze acceptéieren. Déi westafrikanesch Länner hunn ausserdeem wirtschaftlech Sanktioune géint den Niger beschloss.
De franséische President Emmanuel Macron huet annoncéiert, “ouni Hesitatioun” op all Attack op franséisch Staatsbierger ze reagéieren. Déi franséisch Ambassade zu Niamey gouf jo Enn der Woch attackéiert. D’Placke virun der Dier vun der Ambassade waren erofgerappt ginn, a russesch an nigeresch Fändele goufen opgehaangen, wéi een AFP-Journalist confirméiert huet.