
En Iwwerhuelmanöver ass e Mëttwoch den Owend géint 19:40 Auer an enger Tragedie geendegt. Bei Biesenthal am däitsche Brandenburg ass en Automobilist an e puer Tëffen (Scooter), déi him entgéint komm sinn, gerannt. Dräi Fuerer an eng Matfuererin sinn nach op der Plaz un hire Blessure gestuerwen. Een Tëfffuerer konnt eng Kollisioun esou just verhënneren. D'Gefier vum Automobilist hat nom Accident Feier gefaangen. De Mann vun 61 Joer konnt aus sengem Gefier befreit ginn an ass mat Blessuren an d'Klinick komm.
Wéi déi däitsch Police en Donneschdeg matgedeelt huet, si beim Accident e Meedche vu 14 Joer an dräi jonk Männer am Alter vu 16 bis 19 Joer gestuerwen.
Éischten Erkenntnisser no soll den Automobilist probéiert hunn, direkt e puer Gefierer mateneen ze iwwerhuelen. Dobäi ass hien op der Géigespuer an e Grupp Tëfffuerer gerannt.