
D’Auditioun vum 40 Joer alen Däitschen ass fir en Dënschdeg geplangt, wéi d’Landeskriminalamt vu Baden-Württemberg matgedeelt huet. De Mann, dee mat sengem Auto duerch d’Foussgängerzon zu Mannheim gerannt ass, wier antëscht aus dem Spidol entlooss ginn a bei der Police. Am Auto wier ausserdeem en Ziedel mat Notizze fonnt ginn, deen elo ausgewäert gëtt. D’Ermëttler sollen erausfannen, ob den Ziedel vum presuméierten Täter ass an ob e relevant fir déi weider Ermëttlunge wier. Zum Beispill kéint en op Hannergrënn zu der Dot oder zu der Motivatioun schléisse loossen.
Hie war bei senger Verhaftung blesséiert an den LKA hat Hiweiser dorop, datt hie sech mat enger Schreckschosspistoul selwer an de Mond geschoss hat. Dem Parquet no gëtt et ausserdeem konkreet Unhaltspunkten dofir, datt hie psychesch krank ass.
Den Däitschen, deen zu Ludwigshafen gewunnt huet, ass e Méindeg mat sengem Auto duerch d’Foussgängerzon zu Mannheim gerannt an huet dobäi zwee Mënschen ëmbruecht. 11 Leit goufe blesséiert, fënnef dovu schwéier.
De Verdächtegen ass e puer Mol virbestrooft, ënnert anerem wéinst engem Haasskommentar ënnert engem Bild op Facebook, deen als rietsextreem klasséiert gouf. Trotz der Strof aus dem Joer 2018 hat de Parquet virop e politescht Motiv ausgeschloss.