
Dem Mann, deen e Samschdeg zu Washington op enger Dinner-Gala geschoss hat, gëtt elo offiziell e Mordversuch op de President Donald Trump virgehäit. Dat huet den US-Justizminister Todd Blanche confirméiert. De Verdächtegen hat e Méindeg Rendez-vous virun engem Riichter.
Eleng bei engem Scholdsproch wéinst Mordversuch um President riskéiert hien eng liewenslänglech Prisongsstrof. Den Donald Trump schwätzt vu lénksem Terror a mécht d'Demokraten an den USA fir de Virfall responsabel.