
D'Wäisst Haus huet e Méindeg e "lénks-extremen Haass-Kult" fir d'Schéisserei beim Korrespondenten-Dinner zu Washington responsabel gemaach, un deem och de President Donald Trump deelgeholl huet. D'Pressespriecherin Karoline Leavitt, déi kuerzfristeg aus dem Congé de maternité zeréck komm ass, huet den Tëschefall als den drëtten Attentatsversuch géint de republikanesche President an de leschten zwee Joer bezeechent.
"Dee lénks-extremen Haass-Kult géint de President an all déi, déi hien ënnerstëtzen a fir hie schaffen, huet dozou geféiert, datt verschidde Leit blesséiert oder ëm d'Liewe komm sinn – an et wier dëse Weekend bal erëm esou wäit komm", sou d'Karoline Leavitt.
Bei enger Pressekonferenz am Wäissen Haus kuerz nom Tëschefall beim Korrespondenten-Dinner huet den Trump e méi verséinlechen Toun vis-à-vis vun de Medien ugeschloen, déi hien an der Vergaangenheet och schonn als "Feind vum Vollek" bezeechent hat. D'Karoline Leavitt, déi zesumme mam Trump op der Bün stoung, wéi den Tëschefall geschitt ass, huet awer vu "systemateschem Dämoniséiere" vum 79 Joer ale President geschwat.
"Keen an de leschte Joren huet méi Kugelen a méi Gewalt erlieft wéi de President Trump", sou d'Spriecherin. "Déi, déi de President permanent a falsch als Faschist oder als Gefor fir d'Demokratie bezeechnen a mat Hitler vergläichen, fir politesch Punkten ze sammelen, droen dozou bäi, esou Gewalt unzestëppelen."
Zu deenen, déi den Trump an der Vergaangenheet mam Adolf Hitler verglach hunn, gehéiert ënnert anerem och säin eegene Vizepresident, den JD Vance, dat am Joer 2016, wéi dësen nach géint den Trump war.