Referendum am BelarusVerlängerung vu Presidenten-Amtszäit a méi enk Ubannung u Russland

RTL Lëtzebuerg
D'Verfassung soll esou geännert ginn, datt an Zukunft russesch Truppe an hir Atomwaffen dauerhaft am Land stationéiert kënne ginn.

Dräi Deeg nom Ufank vum Krich an der Ukrain ass e Sonndeg am Belarus e Referendum iwwert eng Verfassungsännerung, déi dem autokratesche Staatschef Alexander Lukaschenko weider Amtszäiten erlaabt an déi fréier Sowjetrepublik nach méi enk u Russland banne soll.

D’Oppositioun schwätzt vun engem illegale Vott. Den Ament ass d’Amtszäit vum President op zwou Mandatszäite limitéiert. Sollt de Referendum positiv ausgoen, kéint de Lukaschenko bis 2035 um Pouvoir bleiwen.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO