
Dat mellt d’Nooriichtenagence AFP. De bayresche Ministerpresident Markus Söder (CSU) huet sech fir eng Verlängerung vum Lockdown vun 3 weidere Wochen ausgeschwat, also bis Enn Januar.
A Punkto Schoul a Crèchen ass ee sech awer nach net eens. Hei kéint et, jee no Situatioun an de Bundeslänner, zu ënnerschiddleche Reegele kommen.