
Si wëlle bei der Sëtzung e Mëttwoch fuerderen, datt d’Resultater nach emol iwwerpréift ginn. D’Demande vun de Senateuren ass ënnert anerem vum republikaneschen Hardliner Ted Cruz ënnerschriwwen.
D’Confirmatioun vum Gewënner vun den amerikanesche Presidentschaftswalen am Kongress ass u sech nëmmen eng Formalitéit. Den Donald Trump refuséiert awer bis ewell och nach ëmmer seng Defaite ëffentlech unzëerkennen.