Suergen ëm franséische PresidentVIDEO: Emmanuel Macron tweet "Et geet mer gutt"

RTL Lëtzebuerg
Den 42 Joer ale franséische President war jo en Donneschdeg positiv op de Virus getest ginn.

Wéi de Porte-Parole vun der franséischer Regierung, de Gabriel Attal, matgedeelt huet, hätt de Macron Féiwer, Houscht a wier extrem midd. Déi franséisch Gesondheetsautoritéiten hate sech jo um Ufank vun der Chrëschtvakanz besuergt gewisen iwwert en “Opliewe vun der Epidemie”.

An engem Video op Twitter huet de Macron um Freideg den Owend matgedeelt, datt et him gutt geet, den Ëmstänn entspriechend. Hie sot Merci fir all solidaresch Messagen, déi hie krut.

De franséische President ass um Juegdschlass La Lanterne um Bord vum Park vu Versailles isoléiert. Zënter sengem Amtsuntrëtt als President am Joer 2017 huet hie sech dacks hei mat senger Fra Brigitte zeréckgezunn. E Méindeg dierft hien och um Schlass säin 43. Gebuertsdag feieren, seng 67-Joer-al Fra ass am Elysée zu Paräis a Quarantän a kann also net dobäi sinn.

De Jean-François Delfraissy huet och nach eemol betount, dass de Fakt, dass de President krank gi wier, weist, dass jiddweree vun der Longekrankheet Covid-19 ka betraff sinn, ob jonk oder al. Et gouf dohier nach eemol drop higewisen, wéi wichteg et wier, fir sech un d’Ofstandsreegelen ze halen.

D’Regierung a Frankräich geet dovun aus, dass de Macron sech um EU-Sommet Enn leschter Woch ugestach dierft hunn. Wéinst der héijer Unzuel u Kontakter ass dëst allerdéngs net méiglech nozeweisen.

Nodeems bekannt gouf, dass den Emmanuel Macron e positiivt Test-Resultat krut, hu sech en Donneschdeg eng ganz Partie u Politiker aus Frankräich an der ganzer EU a Quarantän gesat a sech teste gelooss. Dorënner jo och de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel, deem säin Testresultat a Freideg de Moien awer negativ ausgefall ass. Ma och de spuenesche Regierungschef Pedro Sánchez an den EU-Rotspresident Charles Michel hu sech a Quarantän gesat.

D’Regierung huet dann och weider Transparenz iwwert dem President säi Gesondheetszoustand versprach, obwuel dëst deels ëmstridden ass a Frankräich.

Back to Top
CIM LOGO