Nord Stream 1Video weist Ausmooss vun den Zerstéierungen no der Explosioun Enn September

RTL Lëtzebuerg
D'Zeitung "Expressen" huet um Dënschdeg e Video verëffentlecht, wou ee gesäit, dass op d'mannst 50 Meter Gasleitung zerstéiert goufen.

E Méindeg goufen déi Biller an enger Déift vun 80 Meter gefilmt. Deeler vun de Leitung sinn ënnert dem Mieresbuedem begruewen. Et gesäit ee grouss Rëss a verbéite Metall.

Bei den Ënnersichungen un de Pipelines Nord Stream 1 an 2 ass dann och erauskomm, dass d’Zerstéierunge just duerch “staark Explosiounen” ze erkläre sinn, esou déi dänesch Police. Et géif een elo gemeinsam Enquête maache mam dänesche Geheimdéngscht PET. Et wier awer nach ze fréi fir elo schonn ze soen, ob een och nach weider Ermëttlunge mat Schweden an Däitschland wäert ophuelen.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO