
Et gouf eng Enquête lancéiert, fir d’Ursaache vum Accident erauszefannen. Elo leien éischt preliminär Resultater vun dëser vir. Deemno wieren a béiden Turbinne vum Fliger Vigel-Fiederen a Bluttspuere fonnt ginn. Eng DNA-Analys hätt erginn, dass esouwuel d’Fiederen ewéi och d’Blutt vu Gluck-Inte stamen. Dat sinn Zuchvigel, déi am Wanter aus Sibirien a Richtung vun der koreanescher Hallefinsel migréieren.
Am Rapport heescht et weider, dass d’Pilote wärend der Landung e Schwarm Villercher identifizéiert hätten. Op Opname vun enger Iwwerwaachungskamera wier ze gesinn, wéi de Fliger a Richtung vum Schwarm flitt. Aktuell ass net gewosst, ob d’Turbinne vun der Maschinn virun der Bauchlandung ausgefall sinn.
De Fliger vun der südkoreanescher Fluchgesellschaft Jeju Air war den 29. Dezember zejoert, nodeems en um Fluchhafen an der südkoreanescher Provënz Muan um Bauch gelant ass, an enger Mauer gerannt an a Flamen opgaangen. Vun den 181 Leit u Bord sinn der 179 gestuerwen. Nëmmen zwee Membere vun der Crew hunn iwwerlieft.