
Indien sollt e Sonndeg fir d’éischte Kéier a senger Geschicht eng Rakéit op de Mound schécken. Um genee 23.21 Auer sollt de Start sinn. Puer Minutte virdrunner gouf deen awer ofgebrach. De Grond wären technesch Problemer, dat huet déi indesch Weltraum-Administratioun matgedeelt, ouni weider Detailer ze ginn. Een neien Datum gëtt et nach net.
Fir Indien ass d’Missioun op de Mound een Prestigeprojet. Geplangt ass, dass d’Rakéit um Südpol vum Mound lant , fir dann eng Rover-Maschinn auszesetzen, déi no Waasser-Spuere soll sichen.
Wann et Indien geléngt op de Mound ze kommen, wären si no den USA, Russland a China, dat 4. Land um Mound.
Indien huet iwwregens all d’Komponente fir dës Missioun selwer produzéiert an d’Käschte waren deementspriechend, am Verglach mat anere Missiounen, gënschteg. 124 Milliounen Euro kascht dëse Programm.
Kritik gouf et awer natierlech vun Ufank un. E Land, an deem nach ëmmer Millioune Mënschen an Aarmut liewen, misst aner Prioritéite setzen, sou Kritiker.