
Elo huet de bekannten däitsche Virolog an Direkter vun der Berliner Charité Christian Drosten d’Zuucht vu Marder-Hënn als plausibelen Ursprong vum Virus verdächtegt.
Wéi den Drosten dem brittesche “Guradian” géintiwwer sot, géif hien awer dovun ausgoen, datt de Virus aus China kéim an datt an deem Kontext d’Marder-Hënn als nei Virusquell eng Roll kéinte spillen.
Den däitsche Virolog erënnert un ee wichtegen Aspekt, deen dacks bei der Berichterstattung ronderëm d’Iwwerdroe vum neie Virus vergiess gëtt: Vum Sars-Virus vun 2002 a Südchina wéisst een, datt en och a Marder-Hënn fonnt gi wier. Dës Déiere géife wéinst hirem Pelz a China fir industriell Zwecker gebraucht ginn. Deemno wier et och plausibel, datt dës Déierenzort de Covid-19 a sech dréit.
De Christian Drosten: “Wenn mir jemand ein paar Tausend Dollar und freien Zugang zu China geben würde, um die Quelle des Virus zu finden, würde ich an Orten suchen, wo Marderhunde gezüchtet werden.”
Deemno wier de Marder-Hond dat Stéck am Puzzle, dat dofir gesuergt hätt, datt sech de Virus vun der Fliedermaus op de Mënsch iwwerdroen hätt.

D’Meenung vum Christian Drosten huet jo an Däitschland e besonnescht Gewiicht. A sengem Podcast hält hien d’Nolauschterer mat Analyse vun neie wëssenschaftlechen Aarbechten ronderëm de Covid-19 um Lafenden an ass och dacks als Expert an Diskussiounsronne gelueden.