Keen Enn en VueViru genee 100 Deeg huet déi russesch Invasioun an der Ukrain ugefaangen

Petz Bartz
Déi russesch Invasioun vun der Ukrain, déi de 24. Februar ugoung, ass e Freideg an hiren 100. Dag eragaangen.
Virun 100 Deeg huet den Ukrain-Krich ugefaangen
Déi russesch Invasioun vun der Ukrain, déi de 24. Februar ugoung, ass e Freideg an hiren 100. Dag eragaangen.

Russland kontrolléiert mëttlerweil 20% vum Territoire vun der Ukrain – dorënner d’Krim schonn zanter 2014. D’EU ass och weiderhi solidaresch mat der Ukrain, och wa keen Enn vum Krich an Aussiicht ass. Och Lëtzebuerg steet zu sengen Engagementer vis-à-vis vun der Ukrain. Den Ament ass déi ukrainesch Vize-Ausseministesch zu Lëtzebuerg op Visitt.

“Mir wäerte gewannen”, seet de President Selenskyj a Presenz vu sengem enkste Kreess op engem kuerze Clip op Instagram, opgeholl virum Presidentepalais zu Kiew, do wou en, genee dselwecht gefilmt, de 25. Februar versprach hat säi Land ze verdeedegen.

100 Deeg Horror a Besatzung, 100 Deeg Mord vun Zivilisten a Vergewaltegungen, 100 Deeg Hongerleiden. D’Zuel ass symbolesch. Si ass traureg an awer och houfreg, well Moskau d’Situatioun realitéitsfriem ageschat a gehofft hat déi sougenannt “militäresch Spezialoperatioun” géif just e puer Deeg daueren.

“Mee et sinn och 100 Deeg Resistenz. D’ukrainescht Vollek seet Nee zu Tyrannei a si bezuelen den héchstméigleche Präis. De Präis vum Liewen”, sou d’ukrainesch Vize-Ausseministesch Emine Dzhaparova.
Russesch Zaldote stinn am Verdacht vun enger ganzer Panoplie vu Schwéierverbriechen an der Ukrain. Krichsverbriechen a Verbrieche géint d’Mënschlechkeet gi mëttlerweil zréckbehalen an zu Den Haag mat der Genozid-Konventioun vun 1948 am Hannerkapp analyséiert. 1,2 Milliounen Ukrainer goufe géint hire Wëllen a Russland bruecht, dorënner méi wéi 210.000 Kanner.

“Vun den éischten Deeg Krich un hu mer op Genozid enquêtéiert. Et ass schwéier esou Fäll unzekloen, mee mir hu vill Beweiser, an déi forcéiert Deplacementer vu Kanner ginn als Genozid qualifizéiert”, sou d’ukrainesch Procureure générale Iryna Venediktova.
D’Ukrainer probéieren duerzehalen – och zu Sjewjerodonezk. An net nëmmen Ukrainer, mee och Auslänner. An dësem Friemebatailloun si Georgier a Portugisen. Et geet drëms déi russesch Offensiv unzehalen, bis dass déi méi massiv Waffen aus Europa ukommen, fir dann de Krichsverlaf zu senge Gonschten ze dréien.

“E si just e Bouf vun 22 Joer, mee et war richteg hei hin ze kommen. Mir drécken d’Russen zréck. A wann et een Dag, ee Mount oder ee Joer dauert. Et ass egal. Mir stinn op der richteger Säit vun der Geschicht. Mir ginn duerno zréck bei ons Famillen a mir maachen alles, fir dass d’Besatzer dat net kënne maachen”, erkläert den Zurab Kaklidze, en Zaldot aus Georgien.

Déi ukrainesch Friemelegioun probéiert d’Russen zu Sjewjerodonezk a Stroosseschluechten eranzezéien, fir ze verhënneren, dass Moskau de komplette Verwaltungsbezierk Luhansk iwwerhëlt. Op béide Säite féiert et zu Verloschter a Verwonnten.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO