Um DonneschdegVirun 3 Wochen huet déi russesch Invasioun an der Ukrain ugefaangen

RTL Lëtzebuerg
Eng länger Waffepaus ass weiderhin net a Kraaft. Zu Mariupol gouf en Theater bombardéiert, an deem eng 1.000 Leit Schutz gesicht haten.
Update: 22. Dag vum Ukrain-Krich
Dräi Wochen nom Ufank vun der russescher Invasioun an der Ukraine, stinn Zivilisten weider mat am Fokus vun den Attacken.

Situatioun géint 18 Auer

Dräi Wochen nom Ufank vun der russescher Invasioun an der Ukraine, stinn Zivilisten weider mat am Fokus vun den Attacken. D‘Rout Kräiz warnt d‘Bierger a Biergerinnen missten aus de Krichsgebidder eskortéiert ginn. Bréissel huet Moskau haut reprochéiert, géint humanitäert Vëlkerrecht ze verstoussen.

A Wierklechkeet dierften d‘Zuelen däitlech méi héich leien. Den Haut Commissariat fir Mënscherechter vun de Vereenten Natiounen huet zanter dem Ufank vum Krich an der Ukrain bis haut offiziell den Dout vun 780 Zivilisten dokumentéiert. Ënnert den Affer waren 58 Kanner a Jugendlecher. Mä d‘Mataarbechter brauchen den Ament Deeg fir d‘Afferzuelen z‘iwwerpréiwen.

D‘Europäesch Unioun huet Russland haut reprochéiert an der Ukrain géint humanitäert Vëlkerrecht ze verstoussen. De Porte-Parole vum Europäeschen Diplomatiechef Josep Borrell, Peter Stano huet d‘Belagerung vun der Hafestad Mariupol haut zu Bréissel „onmënschlech“ genannt.

Aus dem bombardéierten Theater zu Mariupol konnten, den Aussoen vum engem lokalen Deputéierten no, ronn 130 Zivilisten gerett ginn. Eng gutt Noriicht aus enger belagerter Stad an där d‘Situatioun sech, dem President Wolodymyr Selinskyj no, ëmmer weider zouspëtzt. Et u Stroum, Drénkwaasser an Heizunge feelt. Hien huet haut via Videomessage virum däitsche Bundestag geschwat a méi Ënnerstëtzung um Terrain vun Däitschland gefrot. Zu Merefa am Osten, net wäit ewech vu Charkiw sollen haut op mannst 21 Persounen gestuerwe sinn. Och eng Schoul an e Centre culturel wieren de Moien getraff ginn.

Human Rights Watch reprochéiert russeschen Truppen Streemunitioun agesat hunn, och e Verstouss géint d‘Vëlkerrecht. E Sonndeg wieren an der Stad Mykolajiw 9 Zivilisten ëm d‘Liewe komm déi, wéi et ausgesäit, an der Schlaang stoungen fir Suen opzehiewen. Syresch Dokteren beriichten, si hätten dat wat se elo an der Ukrain gesinn alles schonn zu Aleppo erlieft. Geziilt Attacken op Klinicken wieren en Deel vun der russescher Strategie. De Kreml huet haut d‘Demande vu den héchste Riichter vun der UNO refuséiert fir der Gewalt en Enn ze setzen. Et géif ee keng Récksiicht op déi Entscheedung huelen, sou de Kremlspriecher Dimitri Peskow géintiwwer der Nooriichtenagence Interfax. Den Haag huet keng juristesch Moyenen fir en Staat ze zwéngen en Urteel ëmzesetzen. De permanente Rotspresident Charles Michel huet gewarnt Russland misst gestoppt ginn, fir ze verhënneren, datt et zu enger Eskalatioun vum Konflikt kënnt an assuréiert Europa géif beim Neesopbau hëllefen.

D‘Verhandlungen tëscht Kiew a Moskau ginn iwwerdeems virtuell weider. Awer nach ouni nennenswäerte Succès.

Situatioun géint 11 Auer

Aus der Stad Mariupol hätten eng 6.500 Autoen et an de leschten zwee Deeg eraus gepackt, heescht et vun ukrainescher Säit.

Nodeems en Theater vu russesche Rakéiten attackéiert gouf, ass kloer, dass wuel eng 1.000 Zivilisten am Keller vum Gebai Schutz gesicht haten a weider blockéiert sinn. D’Mënschen hätte wuel all iwwerlieft, well de Bunker bei der Attack net zu Schued komm wier. Et hätt een elo ugefaangen, d’Iwwerreschter vum Gebai ze raumen, fir d’Leit eraus ze kréien.

D’Gebai gouf der Ukrain no e Mëttwoch vun der russescher Arméi attackéiert a gréisstendeels zerstéiert. Deen Ament hätten iwwer 1.000 Mënsche sech do virun de Bomme verstoppt. D’Gebai wier och kloer als Schutzzone markéiert gewiescht. Moskau dementéiert, fir d’Attack responsabel ze sinn.

3 Schëffer aus Panama vu russesche Rakéite getraff

Zanter dem Ufank vum Krich an der Ukrain goufen um schwaarze Mier dräi Schëffer, déi ënnert dem Pavillon vu Panama fueren, vu russesche Rakéite getraff. Eent dovu wier och ënnergaangen. Dat sot en Donneschdeg den zoustännege Minister vu Panama virun der Press. D’Leit u Bord wieren a Sécherheet. Sengen Aussoen no sinn den Ament tëschent 200 an 300 Schëffer um Schwaarze Mier, déi a verschiddene Länner ugemellt sinn a wéinst dem Krich net viru kommen. D’Schëffer aus Panama wiere virun allem Cargo-Schëffer, déi ënnert anerem Kären transportéieren.

Situatioun géint 7 Auer

Kämpf op anere Plazen

Och op anere Platze gëtt intensiv gekämpft: D’ukrainescht Militär mellt, datt et zwee Kampffligeren iwwer Kiew ofgeschoss huet. Déi russesch Marinn blockéiert weider den nordwestlechen Deel vum schwaarze Mier.

D’USA hunn iwwerdeems eng weider Waffeliwwerung un d’Ukrain decidéiert: Fluchofwierrakéiten, Dronen a Bazookaen am Wäert vun 800 Milliounen Dollar. Den US-President Biden huet de Putin och eng éischte Kéier Krichsverbriecher genannt.

Iwwer 3 Millioune Mënsche sinn antëscht aus der Ukrain geflücht

D’Vereente Natiounen warnen an deem Kontext virun Mënschenhandel, sexueller Exploitatioun a sexuellem Mëssbrauch.

Russland an d’Ukrain wëllen um Donneschdeg nees via Videoschaltung matenee verhandelen

Moskau wëll de Modell vun enger neutraler Ukrain préiwen, nom Virbild vun Éisträich oder Schweden. Dat wier eng Kompromëss-Méiglechkeet, iwwert déi verhandelt géif ginn. Dofir misst de Vladimir Putin awer op säin Zil vun der “Entmilitariséierung” vun der Ukrain verzichten, well d’Land eng eegen Arméi géif behalen. Vun ukrainescher Säit heescht et awer, dass een zwar scho méi optimistesch wier, mä nach ganz wäit vun engem Accord ewech.

De Krich an der Ukrain mécht de Leit hei zu Lëtzebuerger ganz vill Suergen

68 Prozent fäerten, dass duerch dëse Konflikt en Drëtte Weltkrich kéint ausgeléist ginn, a souguer bal 90 Prozent rechne mat enger europäescher Wirtschafts- a Finanzkris.

Dat geet aus dem neiste Sondage vun TNS-Ilres am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort ervir.

82 Prozent vun de Sondéierten fille sech duerch de Krich entweder ganz staark oder staark belaascht. Donieft rechnen am Schnëtt ronn 95 Prozent vun de Leit domadder, dass kuerzfristeg d’Präisser vum Bensin, vum Gas an vun de Liewensmëttel weider klamme wäerten.

Ganz däitlech ass d’Äntwert op d’Fro, ob d’NATO soll militäresch an de Krich an der Ukrain agräifen: 61 Prozent si kloer dogéint, a just 16 Prozent dofir.

NATO

D’NATO wäert weder Friddenstruppen an d’Ukrain schécken, nach Kampfjets asetzen, fir eng Fluchverbuetszon z’imposéieren. Dat huet den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg no enger Versammlung mat den 30 Verdeedegungsministere vun der Militärallianz däitlech gemaach.

Eng finanziell an humanitär Hëllef wäert et natierlech weider ginn, an et wëll een d’Ukrain och militäresch ënnerstëtzen, awer eben net selwer aktiv agräifen.

D’NATO wäert awer hir Memberlänner besser ofsécheren an huet scho méi Truppen an Ost-Europa deployéiert. D’nächst Woch soll op engem Spezial-Sommet zu Bréissel gekuckt ginn, wéi déi laangfristeg Defense-Strategie am Oste soll ausgesinn.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO