68 Prozent fäerten, dass duerch dëse Konflikt een Drëtte Weltkrich kéint ausgeléist ginn an esouguer bal 90 Prozent rechne mat enger europäescher Wirtschafts- a Finanzkris. Déi meeschte Befroten, ronn 85 Prozent, ville sech da gutt oder ganz gutt iwwert de Krich an der Ukrain informéiert.
Ënner anerem dat geet ervir aus dem neiste Sondage vun TNS-Ilres am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort. Donieft fille sech ganz vill Leit emotional belaascht.
82 Prozent vun de Sondéierten hunn nämlech uginn, dass de Krich an der Ukrain si entweder ganz staark oder staark belaascht. Ee besonnesch héije Chiffer, gëtt och den Tommy Klein vun TNS-Ilres ze bedenken.
“No annerhallwem Joer Kontaktbeschränkungen, Mask a Pandemie waren am Verglach 57 Prozent hei zu Lëtzebuerg vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung, déi sech perséinlech belaascht gefillt hunn. Do gesäit een a Kombinatioun mat der Suerg, wéi schlëmm et aktuell och hei ëm d’Bevëlkerung steet, wéi staark se sech Suerge maachen a wei déi ganz Situatioun d’Leit och mathëlt.”
Interessant ass och, dass sech queesch duerch all Altersklassen a verschidden Niveaue vun Educatioun d’Leit sech d’nämmlecht vill Suerge maachen an och d’nämmlecht vill emotional belaascht sinn.
“Hei confirméiert sech dat, wat mer och scho bei den eenzele Suergen observéiert hunn, dass déi eenzeg, déi sech ganz kloer méi Suerge maachen a méi staark Suerge maachen an hei och méi staark belaascht sinn, et d’Fraen am Verglach zu de Männer sinn.”
Et sinn am Ganze 4 Zeenerien, déi de Leit wéi gesot Kappzerbrieches maachen. Nieft virop der Angscht virun enger europäescher Wirtschafts- a Finanzkris ass et och eng grouss Suerg mat 68 Prozent, dass een 3. Weltkrich kéint declenchéiert ginn.
“Ech mengen, dass mer zanter dem kale Krich warscheinlech ni sou héich Zuele gehat hätten. Mir hunn awer och 65 Prozent, déi fäerten, dass Russland kéint een Nato-Member ugräifen a par Rapport dozou 58 Prozent, déi mengen, dass mir oder dass een Nato-Land an der Ukrain géing ugräifen. Mir hunn am Ganzen awer och 41 Prozent vun de Leit, déi sech Suerge maachen, dass déi 4 Zeenerie wäerten antrieden an doduerch dat och méi zur Suerg bäidréit, déi souwisou an der Bevëlkerung besteet.”
Donieft sinn déi Sondéiert sech eens, wat de kuerzfristegen Impakt vum Krich ugeet a rechnen domadder, dass d’Präisser vum Gas, vum Bensin a vun de Liewensmëttel wäerten an d’Luucht goen.
Par contre wier ee sech manner sécher, wat eng méiglech Penurie vun deene Produiten ugeet. Firwat?
“Et ass natierlech Spekulatioun, mä ech mengen, dass dat fir d’Leit nach wäit fort ass. Ech mengen, dass e groussen Deel vun de Leit och nach ni een Enkpass op deenen Niveauen erlieft huet a sech och net ka virstellen, dass esou eppes wäert antrieden an dass dat dann dozou bäidréit, dass een zwar dovunner iwwerzeegt ass, dass d’Präisser wäerten eropgoen, mä dass och net wierklech een Enkpass entsteet. Een Enkpass ass natierlech ee strenge Begrëff. Dass et vläicht méi knapp gëtt, jo. Mä wäert et vläicht iergendwann net méi duergoen? Dat ass eppes, wat vill Leit sech net kënne virstellen.”
Eng gréisser Diskrepanz schielt sech iwwerdeems eraus bei der Fro, ob d’Sanktiounen, déi géint Russland geholl goufen, adequat sinn. Just 47 Prozent fannen, dass se genee richteg sinn. 9 Prozent fanne se exageréiert an 32 Prozent fanne se net strikt genuch. Méi däitlech gëtt et do awer op verschiddenen anere Proposen.
“Et gëtt emol virun allem e klore Jo zur Nato. 86 Prozent sinn dofir, dass Lëtzebuerg weiderhi soll Member an der Nato bleiwen a just 6 Prozent dogéint. Eng grouss Majoritéit ass och dofir, dass Konte vu russesche Firmen agefruer goufen an dass lëtzebuergesch Representanten hir Sëtz a Verwaltungsréit vu russesche Firme sollen opginn. [...] An dass d’Nato soll an der Ukrain agräifen, dofir gëtt et e ganz kloren Nee.”
D’Hëllef fir déi betraffe Leit, gëtt da vun der Majoritéit vun de Lëtzebuerger Bierger groussgeschriwwen. Esou sinn 98 Prozent fir d’Liwwere vu liewenswichtege Produiten respektiv fir humanitär Hëllef. D’Ophuele vu Flüchtlinge gëtt da vun 93 Prozent vun de Bierger begréisst.
D’EU wéi och d’Lëtzebuerger Regierung kréien iwwerdeems vill Zousproch fir d’Gestioun vun dëser Kris. 69 Prozent vun de Sondéierte fannen, dass d’EU eng gutt oder ganz gutt Aarbecht leescht an 63 Prozent fannen, dass d’Lëtzebuerger Regierung eng gutt oder ganz gutt Aarbecht mécht.
All Krich am 21. Joerhonnert ass och en Informatiounskrich. Déi russesch Argumenter, fir hir Invasioun ze justifiéieren, kommen awer just bei 10% vun de Lëtzebuerger Befroten un, woubäi do och Leit drënner sinn, déi soten, et huet een de Putin onnëtzt provozéiert an der Vergaangenheet, 86% soen awer keng Excuse, fir wat hie mécht.