Dë Woch goufen d’Klimaziler erneiert.
D’Paräisser Klimaschutzofkommes ass den 4. November 2016 a Kraaft getrueden, nodeems méi wéi 55 Länner, déi fir 55% vun de weltwäiten Emissiounen verantwortlech sinn, den Accord ratifizéiert hunn. Dëst war nämlech d’ Viraussetzung. Bis haut hunn 180 Staaten d’ Ofkommes ratifizéiert, dorënner d’EU, China an Russland.
Laurent Fabius: “Je regarde la salle, je vois que les réactons sont positif, je n’entend pas d’auxection. L’accord de paris pour le climat est accepté.”
2015 gouf sech op eng Partie kloer Ziler gëeenegt. Déi duerchschnëttlech weltwäit Temperatur sollt manner wéi 2 Grad klammen, am léifste sollt d’ Temperatur awer maximal 1,5 Grad an Luucht goen. Och d’Treibhausgasemissioune sollen erofgoen.
D’EU wollt d’Emissiounen ëm 40% reduzéieren an dat bis 2030. Um EU-Sommet dës Woch gouf awer en neit Zil ugekënnegt.
Ursula von der Leyen: “Mir hunn haut fäerdegbruecht, eis op en Accord ze eenegen fir en neit EU-Klima-Zil. Mir wäerten d’Emissioune bis 2030 em e Minimum vu 55 Prozent reduzéieren. Dësen Accord bréngt eis op e klore Wee a Richtung Klimaneutralitéit am Joer 2050.”
Dëst Joer stoung d’Coronapandemie awer éischter am Fokus vun de Leit. Dobäi fënnt de Laurent Fabius, dass een d’Coronakris mat der Klimakris vergleiche kéint.
Laurent Fabius: “Ce n’est pas simplement une crise, c’est une mutation et il n’y a pas de vaccin. Ce qui me frappe, c’est pour ça que je parle du paradoxe c’est qu’on ne fait pas malheureusement autant pour lutter contre le dérèglement climatique qu’on fait avec raison contre les conséquences de la covid.”
Et sollt een also déi selwecht Beméiungen am Kampf géint Klimakris maachen. D’Äerderwiermung léit nämlech lo schonn béi 1,2 Grad. Et ass also net méi vill Sputt bis zu deene maximal gewënschten 1,5 Grad.
