
Der Etüd vum Nutrition Journal no, géif d’Anhuele vum Vitaminn keng positiv Auswierkungen op de Verlaf vun der Krankheet hunn.
Well en Zesummenhang tëscht Vitaminn D an engem Infektiounsverlaf bis ewell ëmstridde war, hu Wëssenschaftler aus enger Partie Universitéiten aus den USA a China eng Etüd gemaach. Hei gouf gekuckt, wéi de Verlaf vun der Krankheet bei Leit ass, déi Vitaminn D anhuelen. Matgemaach bei der Etüd hunn hei iwwer 530.000 Patienten.
Eraus koum, dass d’Anhuele vu méi Vitaminn D, duerch zum Beispill Ergänzungsmëttel, d’Patienten weder méi virum Doud, nach virun der Intensivstatioun schütze géife ginn. Et konnt also keen Zesummenhang festgestallt ginn.
Weider koum eraus, dass och de Géigendeel, als e méi niddrege Vitaminn D-Wäert absolut keng negativ Auswierkung op eng Infektioun hätt. Zwar wier eng gutt Versuergung mat Vitaminnen a Mineralstoffer generell wichteg fir den Immunsystem vun engem Mënsch, allerdéngs kënnen d’Auteure vun der Etüd eng zousätzlech Dosis Vitaminn D am Zesummenhang mat Covid-19 net recommandéieren.