Wéinst Agéieren an der Corona-PandemieVizepresident vun FDP fuerdert Demissioun vum däitsche Gesondheetsminister

RTL Lëtzebuerg
Den SPD-Gesondheetsminister Lauterbach gëtt wéinst sengem Agéieren an der Corona-Kris ëmmer méi staark vum fréiere Koalitiounspartner FDP attackéiert.
© CHRISTIAN MARQUARDT / NurPhoto / NurPhoto via AFP

Wéi et en Donneschdeg vum Vize-Virsëtzende vun den däitsche Liberale Wolfgang Kubicki géigeniwwer der Presseagence DPA heescht, kéim de Karl Lauterbach, falls hien nach e leschte Rescht politeschen Anstand hätt, net laanscht e Récktrëtt.

Och de Gesondheetsexpert vun der FDP Anrew Ullmann fuerdert d’Demissioun vum SPD-Minister, grad ewéi d’Ariichte vun enger Enquêtëkommissioun zu der Corona-Pandemie am däitsche Bundestag.

Hannergrond fir d’Récktrëttsfuerderunge sinn déi rezent Medieberichter iwwer Differenzen tëscht dem Robert-Koch-Institut an dem däitsche Gesondheetsministère iwwer d’Gestioun vun der Corona-Pandemie. Esou hätt den RKI am Februar 2022 recommandéiert, d’Bewäertung vum Risiko, dee vun der Pandemie ausgeet vu “ganz héich” op “héich” erofzesetzen. De Ministère hätt dëst allerdéngs refuséiert, heescht et a Rapporte vum Krisestaf vum RKI, déi schonn am Summer vun enger Journalistin verëffentlecht goufen.

Elo mellen “d’Süddeutsche Zeitung, de WDR an den NDR, dass aus E-Maile géif ervirgoen, dass de Gesondheetsminister Karl Lauterbach sech perséinlech an den Dossier ageschalt gehat hätt, fir en Erofsetze vun der Risiko-Stuf ze verhënneren.

De Wolfgang Kubicki reprochéiert dem Karl Lauterbach an dësem Zesummenhang, déi däitsch Ëffentlechkeet belunn ze hunn, ewéi hien an der Pandemie gesot hat, dass den RKI vëlleg fräi op Basis vu wëssenschaftlechen Erkenntnisser kéint agéieren.

De Karl Lauterbach huet sech esouwuel op de Soziale Medien ewéi och géigeniwwer WDR an NDR géint d’Reproche gewiert, Op “X” huet hien e Mëttwoch geschriwwen, dass et Feeler gewiescht wier, d’Warnstuf am Februar 2022, ewéi zum Deel nach honnerte Leit den Dag um Covid gestuerwe wieren, erofzesetzen.

Géigeniwwer WDR an NDR sot hien, dass hien als Gesondheetsminister déi fachlech Opsiicht iwwer den RKI hätt. Hie wier a senger Decisioun, der Recommandatioun vum RKI net nozekommen, allerdéngs zu kengem Ament vu politeschen Iwwerleeunge beaflosst gewiescht.

Back to Top
CIM LOGO