Scho fir d'sechst bannent aacht MéintVulkan an Island rëm ausgebrach, Fëscherduerf evakuéiert

RTL Lëtzebuerg
No enger Partie Äerdbiewen am Südweste vun Island ass um Donneschdeg den Owend de Vulkan op der Hallefinsel Reykjanes rëm ausgebrach.
Scho fir d'Sechst bannent aacht Méint
Vulkan an Island rëm ausgebrach, Fëscherduerf evakuéiert

Et ass schonn déi sechste Kéier zënter Dezember, dass de Vulkan Sundhnuksgigaröd Lava späizt a fir Onrou suergt. Ugefaangen huet dat Ganzt en Donneschdeg den Owend kuerz virun Hallefnuecht eiser Zäit. Déi islännesch Meteorologen hu fir d’éischt vun engem 1,4 Kilometer laange Rass geschwat, aus deem d’Lava meterhéich geschoss ass. Bannent 40 Minutte wier de Rass schonn 3,9 Kilometer laang gewiescht.

De Fluchverkéier an Island gëtt den Ament net dovu beaflosst.

Fëscherduerf rëm evakuéiert

Dat klengt Fëscherduerf Grindavik, wat direkt niewendru läit, gouf op en Neits evakuéiert. Am Dierfche sinn nëmmen eng 22 Haiser bewunnt, sou dass d’Evakuéierung gutt a séier verlaf ass, wéi d’Police vun der Plaz matdeelt. Déi meescht vun de ronn 4.000 Awunner haten d’Duerf schonn am November zejoert verlooss a sinn net méi zeréckkomm.

80 Joer laang roueg, elo ëmmer rëm aktiv

De Vulkan op der islännescher Hallefinsel Reykjanes war ronn 800 Joer laang net ausgebrach. Am Joer 2021 koum et dunn zu enger Eruptioun. Weider Ausbréch gouf et 2022 an zënter 2023 schéngt de Vulkan nach méi aktiv ze sinn. Zënter Dezember späizt de Sundhnuksgigaröd ëmmer rëm Lava. Et ass de sechsten Ausbroch an de leschten aacht Méint. Fir d’lescht huet d’Fëscherduerf virun zwee Méint missen evakuéiert ginn, well d’Eruptioun ronn dräi Woche gedauert hat. De Vulkanologen no hätt eng nei Phas ugefaangen, wou déi seismesch Aktivitéiten erhéicht sinn.

Island huet 33 aktiv Vulkaner, wat et soss néierens an Europa gëtt.

© AFP

Back to Top
CIM LOGO