
Schonn en Dënschdeg war bekannt ginn, datt wéinst de villen Neiinfektioune de Couvre-feu a verschiddene Gebitter a Frankräich no vir verréckelt kéint ginn.
E Mëttwoch den Owend ass dat ënnert anerem am Departement Meurthe-et-Moselle Realitéit ginn. Wéi d’Präfektur matgedeelt huet, gëllt vum 2. Januar un de Couvre-feu scho vun 18 Auer un an net méi wéi bis ewell vun 20 Auer un.
Betraff si beispillsweis eis direkt Nopesch-Stied Lonkech, Villerupt oder Nanzeg.
Am ganze sinn 20 Departementer vun engem méi fréie Couvre-feu concernéiert.
Weider Detailer am Artikel vun de Kolleege vum 5minutes.
