
De Weekend hu sech zéngdausende Klimaaktivisten zu Lützerath an Nordrhein-Westfalen zesumme fonnt, mam Zil, ze verhënneren, datt d’Duerf komplett ofgerappt gëtt. E groussen däitschen Energiekonzern wëll hei Kuel ofbauen.
Ënnert de Manifestante waren och eng Rei Lëtzebuerger. Mat zwee vun hinne konnt ech Kontakt ophuelen.
Déi zwou Persounen hu gefrot, fir anonym kënnen ze bleiwen. De Fokus géing um Message leien an op de Gruppen, déi sech fir Klima-Gerechtegkeet asetzen. Déi zwee waren an der Lëtzebuerger Klima-Beweegung aktiv a sinn elo am Ausland, fir ze studéieren. An der Billergalerie kann een e puer Andréck noliesen.
Zum Schluss hu béid nach emol den Appell gemaach, duerch esou Tëschefäll mat der Police den eigentleche Message net ze vergiessen. Et géing ëm Klima-Gerechtegkeet goen. Zanter Jore wier d’Zil vun 1,5 Grad definéiert a géing fir eng liewenswäert Zukunft stoen.