Um Dag vun der Revolutioun, e leschten Dënschdeg, gouf d’Walcampagne mat zwee grousse Meetingen zu Budapest sou richteg lancéiert. Mat op där enger Säit, dem Victor Orban seng Fidesz. Bis elo, éischter EU-kritesch a Putin-frëndlech.
“Mëtteleuropa ass just e Schachbriet fir déi grouss Weltmuechten. Fir si ass Ungarn och just eng Schachfigur. Et ass ëmmer ee vun hinnen, dee probéiert, eis un d’Front ze drécken. Wa mir net staark genuch sinn, gi mer geaffert”, sou de Victor Orban, Spëtzekandidat vun der Regierungspartei Fidesz.
Elo, wou am Nopeschland Krich ass, plädéiert de Victor Orban sech erauszehalen, fir net zum Affer ze ginn. Do hätt Ungarn just ze verléieren. Dofir wäert Budapest och weder Waffen, nach Zaldote schécken. Ungarn dierft net d’Affer vun engem Krich ginn, deen anerer féieren. Dat kënnt den Ament an Ungarn gutt un.
Op EU-Niveau huet Ungarn d’Sanktioune géingt dem Vladimir Putin säi Regime mat gedroen. Do kann ee staunen. Eleng, wat d’Energieversuergung ubelaangt, ass d’Land extreem ofhängeg vu Russland. Dofir huet de Victor Orban och op EU-Niveau duergéingt gestëmmt, datt Gas mat ënner d’Sanktioune fält.
Ungarn mécht awer seng Grenze fir Flüchtlingen aus der Ukrain op. Wann och nëmme ganz zeréckhalend. Hei géife keng illegal Migranten, ma Nopere kommen. Vill Ungarn hu Famillen an der Ukrain.
Experte bleiwen der Iwwerzeegung: de Victor Orban schaukelt Hybrid hin an hier tëscht EU a Russland. “Den Orban ass dee Pro-Russeschste Staats- a Regierungschef an Europa”, sou de fréiere polneschen EU-Rots-President, Donald Tusk. Deen d’Oppositioun an Ungarn oppen ënnerstëtzt. E ganz anere Wand bléist bei där Oppositioun.
De Peter Marki-Zay, Spëtzekandidat vun der Oppositioun, gehäit Fidesz grad hir Allianzen, déi si mam Putin geschloss huet, vir: “De Choix war nach ni esou einfach. De Walziedel wäert zwar e puer Nuancë vun Orange, der Faarf vu Fidesz, hunn, ma mir hu just ee gudde Choix: Mir mussen Europa wielen, amplaz den Osten.”
D’Oppositioun huet am Krich kloer Positioun gezunn: pro NATO, fir Waffeliwwerungen un d’Ukrain.
An de Sondagë läit de Victor Orban den Ament mat 39% vir. Géingt der 33 fir den Oppositioun-Block. An engem Land, an deem Fidesz op autoritär Manéier versteet, d’Fiselen ze zéien.
A 17 Deeg wielen d’Ungarn méi wéi just en neie Premier.