Mëttlere WestenWat sinn d'Motivatiounen, den Donald Trump ze wielen?

Petz Bartz
Am Summer, an de Wochen no der Nominatioun vun der Kamala Harris, war den Donald Trump als Presidentschaftskandidat fir d’Republikaner wäit ofgeschloen.
Wat sinn d'Motivatiounen, den Donald Trump ze wielen?
Fir Europäer ass et schwéier nozevollzéien, dass d’Zuelen an de Sondagen esou no beienee leien. Dacks well si en anere Bléck op d’USA hunn.

Mat senger aggressiver Walcampagne konnt den 78 Joer ale Mann déi Avance awer ophuelen. Fir Europäer ass et schwéier nozevollzéien, dass d’Zuelen an de Sondagen elo esou no beienee leien. Villfach, well se en anere Bléck op d’USA hunn an d’Bedenke vun de Wieler op der anerer Säit vum Atlantik net verstinn. De Petz Bartz mat engem Reportage aus dem Midwest.

Mat sengen 3.700km spléckt de Mississippi d’USA vu Minnesota bis Louisiana schonn zanter Mënsche gedenken. Méi rezent huet den Donald Trump dat iwwerholl. Dës Woch ass Halloween, mee et wier virun allem fir vill Leit d’nächst Woch en Horror, sollt hie gewannen. Mee wie wielt hien, hunn ech zu Winona a Minnesota den Dr. Matthew Lungerhausen gefrot, e Proff fir rezent Geschicht op der State University.

Leit mengen, si wiere net gutt behandelt ginn duerch déi politesch Arrangementer an de leschten 20 Joer. Agefruere Paien, Logementspräisser, déi klammen. D’Leit fille sech manipuléiert. Mee et ginn och vill Trump-Sympathisanten, deenen et gutt geet.

Fir déi mannerbemëttelt ass Trump wielen, Revanche huelen un der Gesellschaft, vun där si sech getrëppelt fillen. An Egoismus. Si sichen hir Sécherheet am zweeten Amendement vun der Constitutioun.

De Waffebesëtz war historesch normal fir Amerikaner, fir op d’Juegd ze goen, op de Schéissstand an esou. Mee elo huet den Trend sech gedréint. Mir hu vill méi Waffen, mee eng klenge Grupp Leit dovun huet immens vill Waffen.

Waffe liwweren dogéint, an d’Ukrain zum Beispill, gëtt net verstanen. An net aus Pazifismus, mee am Midwest hunn d’Leit wéineg mat Geopolitik um Hutt.

Wéi et du bis Februar 2022 war, hate mer e richtege Krich, dee laang wäert daueren. Fir d’Amerikaner dovun z’iwwerzeegen, dass et wichteg ass, dass et e Schlësselpunkt ass och fir eis Sécherheet… verschiddener verstinn et, anerer net. Oh, dat ass wäit ewech… et ass net eise Problem… A si hu wirtschaftlech Problemer.

Ofdreiwung ass ee weidere Knackpunkt am ultradogmatiséierten Amerika. D’Kamala Harris huet et schwéier géint een ale Mann ze punkten. Anerer stinn awer elo net zur Wiel.

Back to Top
CIM LOGO