Korrespondenz vu BerlinWéi aus dem fréiere Flughafen Tegel ee Flüchtlingszenter fir d'Ukrain gëtt

RTL Lëtzebuerg
Wann zu Berlin e Flughafen zougemaach gëtt, ass séier eng nei Bestëmmung fir de Site fonnt.

Aus dem Flughafen Tempelhof, deen 2008 zougemaach ginn ass, gouf fir d’éischt e grousse Park, duerno e Flüchtlingszenter, an duerno en Impfzenter. An och den ale Flughafen Tegel, am Norde vun der Stad ass zanter dem 20. Mäerz en Zentrum fir Flüchtlingen aus der Ukrain.

Flüchtlingen um Flughafen Tegel / Rep. Claire Schmartz

Mam Flughafen Tegel gëtt zu Berlin deemno nees en historescht Gebai, dat ënner Denkmalschutz steet, fir sozial Projete genotzt. Dozou d’Kleo Tümmler vum Däitsche Roude Kräiz:

“Wir haben hier eine relativ einmalige Konstellation, dass unter einem Dach sehr viele verschiedene Hilfsorganisationen tätig sind.”

Hei schaffe Johanniter, Malteser, den Arbeiter-Samariter-Bund an d’Rout Kräiz zesummen.

D’Rout Kräiz koordinéiert d’Hëllefsorganisatioune sur place, déi sech ëm déi verschidde Beräicher këmmeren. Also den Acceuil, d’Registréieren am d’Logéiere vun de Flüchtlingen an d’medezinesch Versuergung. Den Encadrement ass gutt: Waarmt Iessen ass de ganzen Dag disponibel. Et gëtt eng Kreesch a souguer eng Deieren-Statioun, wou eemol den Dag en Déierendokter laanscht kënnt. Hygiènesproduiten a Kleeder ginn et gratis a spezielle Butteker. Schong a Wallisse sinn am meeschte gefrot.

Zanter deem d’Struktur den 20. Mäerz opgaangen ass, si schonn eng 24.000 Flüchtlingen ukomm. Virun allem Fraen, Kanner an eeler Leit. Pro Dag waren et bis zu 2.300 Persounen. Si komme mam Zuch iwwer oder aus Polen. D’Flüchtlinge sollen awer net ze laang um Flughafen Tegel bleiwen. Just ee bis dräi Deeg, ier et mam Bus weider geet op hiert definitiivt Ziel; sief et an aner Bundeslänner oder an aner EU-Staaten. Am beschte Fall esou séier wéi méiglech:

“Wir sind ja keine echte Unterkunft, sondern vielmehr eine Notunterkunft für ein zwei Nächte”, seet d’Kleo Tümmler.

An Zelter op der aler Flugpist ginn d’Flüchtlinge registréiert. Geschlof gëtt am fréiere Check-In. Do wou ee fréier op de Boarding gewaart huet, sinn elo Zëmmere mat am ganzen 1.400 Better.

“Das ist natürlich die Besonderheit dieses Gebäudes, weil das Terminal A an sich als Flughafen schon sehr besonders war mit der Einmaligkeit, pro Flug ein eigenes Gate zu haben und einen eigenen Check-in. Das zahlt sich jetzt aus, da wir dadurch sehr viele kleine, private Bereiche schaffen können.”

Fir datt alles riicht leeft, sinn d’Hëllefsorganisatiounen zu Tegel 24 Stonnen am Dag present. Virun allem Owes no 22 Auer, wann de gros vun de Bussen ukënnt, a Moies géint 7 oder 8 Auer beim Depart, ass vill Betrib.

D’Kleo Tümmler vum Däitsche Roude Kräiz hofft awer, datt de Flüchtlingszenter Tegel nëmmen eng temporär Solutioun ass:

“Also mein Wunsch wäre, dass wir ganz schnell wieder zumachen können, weil es einen Frieden geben wird, der es den Menschen möglich macht, wieder nach Hause zu gehen. Ich befürchte leider, dass es so nicht kommen wird, sondern dass wir sehr flexibel auf die kommenden Bedürfnisse eingehen müssen. Und das werden wir auch versuchen.”

Och wann de Flughafe mat senge Gates, de Lounge-Beraicher an de gliesene Mauere vu bannen nach bal genee wéi fréier ausgesäit, ass et net méi déi Plaz, vu wou et lassgeet op wäit Reesen. Et ass, fir en kuerzen Ament, zu enger Plaz ginn, wou Mënschen ukomme kënnen.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO