Bei engem Vol derbäiWéi d'Nato d'Grenzen a Krichszäite schützt

Anne Wolff
Den Ukrainkrich huet alles geännert. D'Stëmmung tëscht Ost a West ass wéi zu Zäite vum kale Krich.
Wéi d'Nato d'Grenzen a Krichszäite schützt
Den Ukrainkrich huet alles geännert. D’Stëmmung tëscht Ost a West ass wéi zu Zäite vum kale Krich.

Wärend Joerzéngte stoungen d’Zeechen a punkto Militärpolitik op Ofrëschtung. Elo rëschten d’Staaten rëm op.

Dobäi ass erëm däitlech ginn, wéi eng wichteg Roll d’Nato fir eis Verdeedegung spillt. Fir konkreet ze weisen, wéi d’Militärvereenegung schafft, wéi de Loftraum a Richtung Osten ofgeséchert gëtt, ware Medievertrieder aus verschiddene Länner op en Nato-Vol vun Eindhoven aus bis a Litauen invitéiert.

D’Šiauliai-Airbase a Litauen, Dënschdes Mëttes um zwou Auer: D‘Sireene ginn un, zwee Pilote lafe bei zwee F16- Kampfjets.

Hei un der sougenannter Ostflank demonstréiert d‘Nato eng Woch virum Sommet zu Vilnius en Air-Policing, eng Loftraum-Sécherung, wann e frieme Fliger onugemellt an de Loftraum flitt.

Wierklech Tensioune géifen et hei un der litauescher Grenz trotz dem Krich an der Ukrain net, ma et ass e konstant Kräftemoossen tëscht der Nato a Russland. Ëmmer erëm fléie russesch Kampfjetter bis op 50 Meter un den Nato-Loftraum erun. Déi ginn da vun den Nato-Piloten interceptéiert. Si fléien erop bei de frieme Fliger an huele Kontakt op. Ofschrecken a verdeedegen nennt d‘Nato dat. An dat géing bis op Weideres gutt funktionéieren.

47 Mol wier dat an de leschte Méint de Fall gewiescht. Allerdéngs net méi heefeg, wéi virum Krich an der Ukrain. Dass Russland méi aggressiv wier, géing een net feststellen, erkläert den Harold Van Pee, Major-General vun der Nato.

Déi russesch Pilote géife professionell bleiwen, esou dass et net zu enger Eskalatioun kéim, confirméieren eis déi portugisesch a rumänesch Piloten op der Plaz.

Litauen huet - grad wéi Estland a Lettland - keng eege Loftwaff. Dofir assuréieren a Tour de Rôle Detachementer vun anere Memberstaaten de Schutz hei um Baltikum. Um Nato-Sommet d’nächst Woch zu Vilnius wéilt een awer proposéieren, dee Roulement ze institutionaliséieren. Dat, andeems ee méi wäit am viraus plangt, wéi eng Natioun wéini wou ass. Aktuell géif dat relativ sporadesch decidéiert.

Interceptioun: E riskant Fluchmanöver

Wéi esou eng Interceptioun an der Loft ausgesäit, krut d’Press schonn um Hi-Fluch a Litauen demonstréiert.

Schonn um 6 Auer ass et dofir zu Eindhoven an dem A330 op der Militärbasis lassgaangen a Richtung Litauen, dat iwwert d’Loftraim vun Däitschland a Polen. Zeréck goung et iwwer Lettland, Estland, Schweden, Dänemark, Norwegen a Groussbritannien. Ëmmer nees tauche Kampfjets vun de verschiddene Loftraim nieft de Fënsteren op, a kommunizéiere mat de Piloten. E schwieregt Manöver, erkläert een eis, well e Mindest-Ofstand tëscht den dräi Fliger gëtt et net, dat ass Ermiessens- a Konzentratiouns-Saach.

Dësen Demonstratiounsfluch gouf vu Lëtzebuerg gesponsert a vun der sougenannter MMU duerchgefouert, eng multinational Unitéit, bei där och de Grand-Duché Member ass.

D’MMU bedreift aktuell siwe Fliger vum Typ A330, déi agesat ginn, fir entweder Passagéier- oder medezinesch Evacuatiounsflich duerchzeféieren. Allerdéngs gi se och genotzt, fir Kampfjetter an der Loft ze betanken, wann zum Beispill Fliger aus Westfrankräich un d’Ostflank mussen.

© Didier Weber / RTL

Och fir Lëtzebuerg sinn déi Fliger schonn an Afghanistan geflunn.

Als Reklamm wëllt een de Vol net verstoen, erkläert de Lieutenant-Colonel Georges Campill vun der Lëtzebuerger Arméi. Villméi wéilt een transparent sinn an der Zivilgesellschaft demonstréieren, wéi d‘Nato schafft an op déi gutt Zesummenaarbecht mat alleguer de Memberstaaten hiweisen.

Lëtzebuerger Nato-Finanzement : 2-Prozent-Zil net ëmsetzbar

Wat d’Depensë fir d’Nato ugeet, sou läit Lëtzebuerg mat ronn 0,6 Prozent vum PIB wäit ënnert dem vun der Nato gefuerderten Zil vun 2 Prozent. Bis 2028 géif een déi 1 Prozent vum PIB viséieren, erkläert de Michael Schuster, Pressespriecher vun der Defense.

Duerch déi besonnesch Situatioun vu Lëtzebuerg an den héije PIB wieren 2 Prozent awer ze vill. Et hätt ee guer net d’Main d’Oeuvre am Militär, fir sech em esou en héijen Investititiounsvolume ze këmmeren. Um Nato-Sommet wéilt een dofir proposéieren, net de PIB, deen zu Lëtzebuerg aussergewéinlech héich ass, mee de sougenannte Revenu national brut (RNB) als Basis ze huelen.

NATO-Manöver Deutsche Bundeswehr
NATO-Manöver Deutsche Bundeswehr

Back to Top
CIM LOGO