Serie US-Presidentiellen (12)Wéi eng Sujete wäerten d'Wale bestëmmen?

RTL Lëtzebuerg
An dësem Deel vun eiser Serie iwwer d'US-Presidentiellen, kucke mer, wéi eng Sujeten d'Kandidaten an hirem Walkampf besonnesch staark betounen.
© BASTIAAN SLABBERS / NurPhoto / NurPhoto via AFP

Obwuel d’amerikanesch Presidentschaftswale staark op Perséinlechkeete bezu sinn, also den eenzele Kandidat en am Verglach mat villen europäesche Länner vill méi groussen Afloss op d’Wal-Decisioun vum eenzele Wieler huet, ginn et eng Partie Sujeten, déi och e groussen Afloss op d’Decisioun vun de Wieler hunn.

Dem Politikwëssenschaftler Jared Sonnicksen no ass d’Wirtschaft ee Sujet, dee bei all Presidentschaftswal matspillt, esouwuel bei den demokrateschen ewéi och bei de republikanesche Wieler. Hei misst een awer drop oppassen, op wéi en Aspekt vun der Ekonomie d’Leit besonnesch staark géife kucken. Geet et zum Beispill ëm d’Produktivitéit vun der gesamter Wirtschaft, d’Beschäftegungszuelen an engem bestëmmte Secteur oder ëm d’Inflatioun.

Da misst ee bedenken, dass béid Partien an hirem Walkampf verschidden Aspekter vun der Ekonomie ënnerschiddlech staark betounen. D’Republikaner géifen zum Beispill ganz staark d’Kaart vun den héije Bensinnspräisser spillen, fir dem Joe Biden seng Presidentschaft ze attackéieren.

D'Republikaner notzen d'Bensinnspräisser als Walkampfsujet
D’Bensinnspräisser wiere fir d’Leit an den USA e wichtegt Thema. Op ville Leit wieren d’Lei staark op den Auto ugewisen.

Op der anerer Säit wier d’Lutte géint de Klimawandel e Sujet, dee fir d’Demokraten eng besonnesch wichteg Roll wäert spillen.

Fir d'Demokraten ass de Klimawandel e wichtege Sujet am Walkampf
Ee Punkt ass d’Hausse vun den ëffentlechen Investitioune fir de Klimawandel ze bekämpfen.

Ma ee Sujet, dee bei dëse Walen eng besonnesch wichteg Roll wäert spillen, ass dem Jared Sonnicksen no dee vun der Awanderung. Dëse géif eng ganz zentral Roll am Donald Trump senger Campagne spillen. Hie géif déi illegal Awanderung fir eng ganz Rei vun anerer Probleemer responsabel maachen, sief et an der Wirtschaft oder bei de Kriminalitéitsstatistiken.

D'Republikaner wëllen am Walkampf mam Thema Migratioun punkten
Den Donald Trump mécht a senger Campagne den Amalgamm tëscht der Awanderung an enger Panoplie u Probleemer.

Schliisslech géif et och ëm d’Roll vun den USA an der Welt goen. Sollen d’USA sech aus der internationaler Politik zeréckzéien, wéi et am berüümte Slogan “America First” vum Donald Trump ukléngt oder weider hier Roll als global Uerdnungsmuecht anhuelen, ewéi d’Demokraten dat virgesinn. Mat Bléck op d’Kircher an der Ukrain an am Noen Osten mécht dat des US-Walen aus enger europäescher Perspektiv besonnesch interessant.

Fir Europa wäert den Ausgang vun de Presidentiellen net ouni Suitte bleiwen
D’Republikaner sti fir aussepoliteschen Isolationismus. D’Demokraten dogéint fir e Festhalen un der transatlantescher Partnerschaft.

Back to Top
CIM LOGO