Den Daniel Toth lieft zanter August 2019 zu Millwaukee am Wisconsin. Perséinlech verbënnt en den Dag vun haut mat “Hoffnung, dat et besser gëtt”. Dat déi kleng Minoritéit u Leit, déi exzessiv géint den Joe Biden si séier nees an der Mass un 330 Milliounen Amerikaner verschwannen.
“Déi wäerten iergend eng kéier bei sech zeréck heemgoen an hannert zouenen Diere sech dann iwwer alles opreegen.”
D’Kim Fitzke, déi op Key West lieft an domat bal Nopesch vun der Famill Trump gëtt, otemt op: Hoffentlech Schluss no 4 Joer Chaos an engem gespléckte Land.
“Et sinn der vill, wou e mierkt, datt se sech freeën, ma se géifen et net oppe soen. Oder ëmgekéiert. D’Leit, déi wierklech elo mengen d’Welt geet ënner. Déi soen dat och net wierklech.”
Rassismus, Extremismus se maachen de Lëtzebuerger an Amerika grouss Suergen. D’Onrouen, d’Evenementer aus de leschte Wochen hunn Grief opgerappt, déi den Joe Biden an d’Team ronderëm den neie President och net mam Zauberstaf ewech kréien, sou de Louis Grün, deen zu Cleveland am Ohio lieft.
“Wann een elo déi richteg Zeeche setzt géint den Extremismus a géint Rassismus, da kéint dat drastesch fir eng besser Zukunft vun den USA entscheedend sinn”
D’Erwaardungen un den neie President si méi wéi jee, héich gestach. Einfach wäert den Joe Biden et awer net kréien, seng Politik ëmzesetzen.
“De Biden wäert Regulatioune bréngen fir d’Bourse. Dat wäert net op der Wall Street gefalen. E wëll Regulatioune maachen fir de Klimaschutz. Do wäerte vill Firmen net frou sinn. Wat awer net onbedéngt den normale Bierger op der Strooss wäert treffen” sou den Daniel Toth.
Kloer ass, déi éischt 100 Deeg, se wäerten duebel zielen.
“Ob dat fir d’Immigratioun ass oder de Coronavirus just ze héieren, datt do e Plang ass, dat ass eppes, wat op alle Fall emol net schlecht ass.” sou d’Kim Fitzke.
Eng Schlësselroll un der Säit vum Joe Biden kéint d’Vice Presidentin Kamala Harris spillen, sou de Louis Grün. Zemools fir d’Immigratioun. Fir Leit mat enger anerer Hautfaarf. Eng Fra. Et gëtt Leit, déi eng aner Nationalitéit hunn, Hoffnung.
