Modell aus der SchwäizWéi kënnt een aus dem Lockdown?

Pierre Weimerskirch
Et gëtt vill den Ament iwwert d'Exit-Strategie diskutéiert.
Punkt fir Punkt: Wéi kënnt een aus dem Lockdown?
Et gëtt vill den Ament iwwert d’Exit-Strategie diskutéiert.

Wëssenschaftler weltwäit warnen awer virum Zeréck-an-den-Alldag. Wisou gouf et e Lockdown a wéi fonctionéiert de Wee an d’Normalitéit?

De Schwäizer Epidemiologe Marcel Salathé an d’Grafikerin Nicky Case hunn e Modell entwéckelt, bei deem ee selwer kucke kann, wéi een Afloss verschidde Mesuren op d’Reproduktiounszuel hunn, also déi Zuel, déi ugëtt, wei vill anerer eng infizéiert Persoun ustécht.

Wann een nees méi Kontakter zouléisst, mussen aner Mesurë geholl ginn, fir datt d’Infektiounen net nees onkontrolléiert kënne stattfannen.

Hei fannt dir de Link op den Internetsite.

Back to Top
CIM LOGO