Serie US-Presidentiellen (9)Wéi staark kann ee sech op d'Ëmfroen an d'Prognose verloossen?

RTL Lëtzebuerg
D'Ëmfroe gesinn eng enk Course tëscht dem Donald Trump an der Kamala Harris viraus. Ma wäert et um Enn och esou kommen?
© JAAP ARRIENS / NurPhoto / NurPhoto via AFP

D’Ëmfroen an d’Prognosen zu den US-Wale gi spéitstens zanterdeem den Donald Trump 2016 entgéint allem, wat virausgesot gouf, géint d’Hillary Clinton gewonnen huet, mat enger grousser Skepsis gesinn. Et wier och richteg, sech net blann op d’Ëmfroen ze verloossen, erkläert de Politikwëssenschaftler Jared Sonnicksen. Dës wieren am Allgemenge wuel zouverlässeg, allerdéngs géifen eng Partie Facteuren dofir suergen, dass d’Ëmfroen d’Realitéit ni ganz kéinten zeréckspigelen. Nieft den übleche Feelerquote wieren dat och Saachen, iwwert déi een nëmme kéint spekuléieren, zum Beispill doriwwer, wéi eng Wieler op d’Ëmfroen äntweren a wéi eng net.

D'Walprognose sinn och an den USA net perfekt
D’Prognose géifen nëmmen en Ausschnëtt vun der Meenung duerstellen. Alles kéint ee mat Prognosen awer net erausfannen.

E weidere Facteur, dee Prognose vun den US-Presidentielle besonnesch schwéier géif maachen, wier den amerikanesche Walsystem, bei deem een entweder alleguer d’Walleit aus engem Bundesstaat kritt oder keen. Dat wier och de Grond gewiescht, dass kaum een d’Victoire vum Donald Trump virun aacht Joer virausgesot huet. D’Prognose wieren a souwäit richteg gewiescht, dass méi Leit d’Hillary Clinton gewielt hunn. Ma um Enn hat den Donald Trump méi Stëmmen am Electoral College.

Den amerikanesche Walsystem mécht Prognose besonnesch schwéier
Bei de Walen 2020 krut d’Hillary Clinton zum Beispill méi Wielerstëmmen, ma um Enn huet trotzdeem den Donald Trump gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO