Analysen aus ÉisträichWéi verbreet sech de Coronavirus? Wou stécht ee sech un?

RTL Lëtzebuerg
Éisträich huet 3.800 Fäll vun den iwwer 15.000 Infektiounen analyséiert an dobäi 169 Clusteren, also zesummenhänkend Infektiounen, festgestallt.

Ronn 30% vun allen Ustiechunge waren an Alters- a Fleegeheemer. An Éisträich konnt kee Fall nogewise ginn, wou ee sech am ëffentlechen Transport oder beim Akafen an engem Geschäft ugestach huet.

Am Ufank hunn d’Leit sech am Ausland ugestach oder bei Kontakt mat auslänneschen Touristen. Dono huet sech de Virus lokal am Land verbreet.

Ganz dacks hunn d’Leit sech ugestach bei Fräizäitaktivitéiten, wéi Schifueren, am Veräin, am Chouer oder am Fitness an doheem am Stot oder bei der Famill, a Spideeler an an Altersheemer.

Kee Cluster konnt an Éisträich a Schoulen nogewise ginn. Iwwerhaapt wären net vill Kanner betraff a wann hätte se sech bei den Erwuessenen doheem ugestach. Seet d’Analyse vun der Agence fir Gesondheet an Ernierungssécherheet an Éisträich.

Back to Top
CIM LOGO