Déi sougenannte Querdenker-Beweegung limitéiert sech awer net nëmmen op Maniffen dobaussen, mä et ass virun allem am Internet, wou Konspiratiounstheoretiker vun alle méigleche Beräicher a mat deene verschiddensten Usiichten Zousproch fannen. A Groussbritannien an an den USA schwätzt ee mëttlerweil vun enger “Desinformatiounskris”.
Et ass eng kuriéis, widderspréchlech a kontraproduktiv Opfaassung vu Fräiheet, fir e Virus, deen dat ëffentlecht Liewe fir jidderee batter aschränkt, duerch zum Beispill e konsequente Refus vu Masken och nach weider an Ëmlaf ze halen. Ma et läit an der empfonnter Logik vu Konspiratiounstheoretiker.
Prof. Daniel Freeman, Klinesch Psychologie, Uni Oxford: Ech war schockéiert iwwert d’Zuel vu Leit, déi sech verleede loossen an en extrem falschen an onfondéierte Glawen. Ech hu laang an deem Beräich recherchéiert an et iwwerrascht mech. An ech mengen net, dass et harmlos ass. Ech mengen, dat Konspiratiounsdenken ass schiedlech, well et ons bewosst soll splécken als Gesellschaft. Dat mécht mer Suergen.
Tom Philipps, fullfact.org: Rumeuren a falsch Informatiounen an enger Pandemie sinn näischt Neies. Dat hu mer iwwer Joerhonnerte gesinn. Et ass en natierleche, mënschlechen Impuls. Duerch d’Technologie awer verbreede se sech elo vill méi séier a vill méi international. Dat ass nei. Eng Rumeur kann an Italien ufänken an e puer Deeg drop op alle Kontinente verbreet ginn. Dat hu mer elo dacks gesinn.
Konspiratiounstheoretiker vum Schlag vu QAnon hunn eng Flucht hannert sech an en hypotheteschen, komplett realitéitsfrieme Paralleluniversum um Internet. Si sichen no perséinlecher Bestätegung bei desavouéierte Pseudo-Wëssenschaftler an deelen de Contenu ëmmer weider, sou entsteet déi sougenannt “participativ Desinformatioun”. De Lockdown léisst dobäi villen vill Zäit, fir sech online ze profiléieren, well se soss näischt ze dinn hunn. A wien et gär nach méi abstrus hätt wéi Facebook oder Twitter et erlaben, muss op Telegramm.
Wat mer och gesinn hunn, ass, dass den Internet eng ideal Plaz ass, fir verschidde Konspiratiounstheorien, déi et virdru scho gouf, mateneen ze verbannen, zum Beispill ronderëm d’Pandemie. Vaccin-Géigner ginn et scho laang. 5G-Géigner kenne mer och schonn. Grad wéi d’Konspiratiounstheorien - et soll en “grousse Reset”, eng nei Weltuerdnung geschaaft ginn. Hei gi se elo all zesummebruecht an der Pandemie an online gëtt dat hinnen déi ideal Geleeënheet, fir mateneen ze verschmëlzen.
Eng Gesellschaft, wou d’Bierger net méi déi selwecht Realitéit deelen ass schlecht fir d’Demokratie. Hannert engem Trump, zum Beispill, dee weiderhi mengt, en hätt d’Wale gewonnen, gesinn déi eng eng verstoppten Agenda, fir déi aner ass et awer och einfach nëmme penibel.
