CargoluxWeider Lëtzebuerger Hëllefen an d'Äerdbieweregioun an d'Tierkei

RTL Lëtzebuerg
Am Fliger mat derbäi sinn ënnert anerem 50 Transportkëschte fir Medikamenter vun der Lëtzebuerger Firma "B Medical Systems".
Weider Lëtzebuerger Hëllefen an d'Äerdbieweregioun an d'Tierkei
Am Fliger vun der Cargolux mat derbäi sinn ënnert anerem 50 Transportkëschte fir Medikamenter vun der Lëtzebuerger Firma “B Medical Systems”.

Lëtzebuerg schéckt weider Hëllef an d’Äerdbieweregioun an der Tierkei. En zweete Vol mat Urgence-Material ass an d’Tierkei geflunn. 4.000 Schlofsäck, 2.000 Hygiène-Kitten an 12 Stroumaggregater sinn u Bord. Dat Ganzt am Wäert vun enger hallwer Millioun Euro. Am Fliger mat derbäi sinn och 50 Transportkëschte fir Medikamenter vun der Lëtzebuerger Firma “B Medical Systems”.

De Grand-Duché a méi spezifesch d’Direktioun vun der Kooperatioun am Ausseministère huet op d’Demande vun der tierkescher Regierung reagéiert, fir d’Leit an den Äerdbiewegebidder z’ënnerstëtzten.
Eréischt leschte Mëttwoch war eng Cargolux-Maschinn an d’Tierkei gestart, en Donneschdeg de Moien da schonn déi zweet, erkläert de Kooperatiounsminister Franz Fayot:

“Elo bei dësem Vol sinn eng 4.000 Wanterschlofsäck, eng Partie Stroumgenerateuren derbäi an och eng 50 Frigoe vu B-Medical, déi si als Don ginn hunn, fir Medikamenter kënnen ze stockéieren. Dat ass bei dësem Vol haaptsächlech Material, wat mir finanzéiert hunn an akaaft hunn, fir d‘Victimme vun dem schrecklechen Äerdbiewen an der Tierkei, awer och elo dës Kéier e bësse Material vun der tierkescher Communautéit, wat gesammelt ginn ass, fir dohinner ze schécken.”

De Kooperatiounsminister Franz Fayot iwwert den 2. Vol an d’Tierkei

D’Material gëtt elo op ee Militärfluchhafe geschéckt an da vun do aus an déi eenzel Regioune bruecht, wou et gebraucht gëtt.

Wat mécht de Grand-Duché da fir Syrien?

Fir Syrien gi mer Hëllef un international Hëllefsorganisatiounen, wéi dat Internationaalt Rout Kräiz, Croissant-Rouge, Caritas, Care an Handicap International. Dat sinn alles Organisatiounen, déi och a Syrien aktiv sinn. Mee een direkten Accès oder een direkte Kontakt mat der syrescher Regierung hu mer an deem Sënn net.”

De Kooperatiounsminister Franz Fayot iwwert déi verschidden Hëllefen

Dat Material, wat an d’Tierkei geschéckt gouf, hat e Wäert vun ronn 500.000 Euro an donieft geet am Ganzen 1 Millioun Euro un déi international Hëllefsorganisatiounen. Den Ament sinn och Lëtzebuerger Ekippe vum Humanitarian Intervention Team mam CGDIS op der Plaz. Dat sinn all Kéiers 2 Leit. De Grand-Duché preparéiert aktuell och den Transport vu weideren Hëllefsgidder.

Hei kënnt Dir spenden

Back to Top
CIM LOGO