"E Gefill vun Impuissance"Weideren Drock op Russland ouni Resultat?

Jeannot Ries
De Regime vum russesche President Putin geréit ëmmer méi ënner Drock. Et vergeet keen Dag wou net nei Sanktiounen decidéiert ginn.
Ukrain-Krich
D’Entwécklungen um 7. Abrëll 2022 am Video-Resumé

En Donneschdeg ass et d’Nouvelle, datt sech 93 Staaten, dorënner och Lëtzebuerg, derfir ausgeschwat hunn, Russland temporär aus dem UN-Mënscherechtsrot auszeschléissen. Zu Bréissel hunn déi 30 NATO-Memberstaaten zougesot, der Ukrain déi néideg Waffen ze liwweren, fir sech weider ze verdeedegen. D’EU deet sech dogéint schwéier, e 5. Sanktiounspak eestëmmeg unzehuelen.

Grouss Zerstéierung zu Borodyanka

D’Ausmooss vun den Zerstéierungen gëtt vun Dag zu Dag ëmmer méi däitlech. Wéi zu Borodyanka, eng 50 Kilometer aus der Haaptstad Kiew eraus. Elo wou d’Russen sech aus der Regioun zeréck gezunn hunn, kommen éischt Leit zeréck.

Oft ass de Schock grouss, wann d’Awunner wéi d’Nadia entdecken, wat vun hier Stad, hirer Wunneng nach iwwreg ass: “Gott säi Dank liewe mer nach. Mir kënnen nei opbauen an alles wäert gutt ginn. Mir si staark, mir packen dat.”

Ëmmer méi gëtt awer och kloer, wéi vill Mënschen bannent de leschten 53 Deeg Krich net iwwerlieft hunn. Den ukrainesche President Wolodimir Selenskyj schwätzt vun dausenden Vermëssten: “Déi goufen entweeder a Russland deportéiert oder se goufen ëmbruecht.”

D’Reaktioun vum Jean Asselborn am Kader vun der Reunioun vun den Ausseminister vun der NATO: “Et ass eng Situatioun, och fir een deen elo 18 Joer mat derbäi ass, déi een nach net erlieft huet. Also ech hätt ni geduecht, wéi der vill vun ons, dat sou eppes iwwerhaapt méiglech ass. Dat mer do mat der NATO net emol agräife kënnen. Militäresch, fir dat ze stoppen. Dat musse mer acceptéieren. Well alles anescht wier nach vill méi schlëmm. Et ass e Gefill vun Impuissance. D’Gefill, datt déi ganz Welt aus den Aangele gerappt gëtt, well d’Diplomatie net méi gräift.”

Einfach um Buedem leien Affer zu Dosenden. Elo geet drëms, dës Fraen a Männer z’identifizéieren, iert se kënne begruewe ginn.

Réckzuch fir de Ravitaillement ofgeschloss, weider Waffe fir d’Ukrain

US-amerikanesch Sourcë ginn dervun aus, datt d’Russen de Réckzuch aus der Regioun vu Kiew an am Norden ofgeschloss hunn. Truppen déi op russeschem Territoire an a Wäissrussland reorganiséiert ginn. Dat kéint bis zu engem Mount daueren, iert dann am Osten wieder gekämpft soll ginn.

Vu Bréissel, wou d’Ausseministeren vun der NATO zesumme sinn, ass et dësen Appell vum Ukrainer Dmytro Kouleba: “Et ass ganz einfach an ech ruffen all d’Alliéiert op, net méi ze zécken, fir der Ukrain alles ze liwweren, wat se brauch. Well sou komesch wéi et schéngt: awer haut déngen d’Waffen dem Fridden. Mir wësse wéi ee kämpft, mir wësse wéi ee gewënnt.”

Ouni schwéier Waffen géif d’Leed a sengem Land nëmme verlängert ginn. Den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg huet der Ukrain weider Waffe versprach. Dozou gouf et en Donneschdeg en direkten Appell un déi 30 Memberstaaten.

Wat d’Sanktiounen géint de Regime vum Putin ubelaangt, sou huet d’EU no den USA e Mëttwoch, weider Schrëtt annoncéiert. Schonn e Freideg kéint en Importverbuet fir Kuelen a Kraaft trieden.

Aus dem EU-Parlament kënnt d’Fuerderung no engem direkten Liwwerstopp vun elo och Pëtrol a Gas. 413 vun 552 Deputéiert hunn dofir gestëmmt.

E Freideg ginn d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen an den EU Aussebeobtraagten Josep Borrell an der ukrainescher Haaptstad Kiew erwaart.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO