
Indonesien wëll an Zukunft d’Ofhängegkeet vum Räisimport reduzéieren an huet dofir en neie sougenannten Iessensprojet annoncéiert. Dofir solle virun allem am Oste vum Land immens grouss Bëschfläche fräigemaach ginn, fir Räis an och Zockerrouer unzeleeën. Geschwat gëtt vun enger Fläch vun e puer Milliounen Hektar.
Ëmweltschützer aus Indonesien schloen elo Alarm, well si fäerten, dass et mat deene Pläng zu der weltwäit gréisster Ofholzung vu Gréngfläche komme wäert, duerch déi souwuel menacéiert Déierenaarte wéi och d’Klimaziler nach méi a Gefor gerode géingen.
D’Ofholzung fir dëse Projet soll schonn zanter ronn engem Joer amgaange sinn, heescht et vun der NGO Yayasa Pusaka Bentaka Rakyat, déi sech fir d’Ëmwelt an d’Rechter vun Indigeenen am Land aus Südostasien asetzt. Zanterhier goufen dofir schonn 11.000 Hektar ofgeholzt, wat ongeféier d’Fläch vun der Stad Paräis ass. 2024 war Indonesien eent vun de Länner mat der gréisster Ofholzung weltwäit, mat ronn 260.000 Hektar, op deenen uechter d’Land Bësch verluer gaangen ass.