
An engem Dag si ronderëm de ganze Planéit 15.790 Covid-Patiente verscheet. Dat geet aus den Zuelen ervir, déi AFP e Mëttwoch publizéiert huet.
Zanter dem Ufank vun der Pandemie si weltwäit ronn 1,87 Millioune Mënschen no hirer Corona-Infektioun gestuerwen. Iwwer 86 Millioune Leit hu sech bis ewell mam Coronavirus infizéiert.