
Den entspriechenden Index vu Februar bis Mäerz dëst Joer ass ëm 12,6 Prozentpunkte geklommen. Domat gouf en neie Rekordniveau erreecht zanter dem Ufank vun de Miessungen am Joer 1990. Am Februar hat ee scho vun enger rekordverdächteger Héicht geschwat.
Den Enn Februar vu Russland lancéierte Krich géint d’Ukrain huet “Schockwellen” duerch d’Mäert geschéckt, sou d’FAO. D’Ukrain a Russland si wichteg Ubaulänner fir Weess, Mais a Sonneblummen, déi fir d’Produktioun vun Ueleg gebraucht ginn. Duerch de Krich an d’Wirtschaftssanktioune géint Russland sinn Exporter an d’Liwwerketten eminent gestéiert.
Dës Entwécklung erhéicht d’Suerg viru Liewensmëttelkrise bis hin zu Hongersnéit, virun allem am Noen a Mëttleren Osten, esou wéi an Afrika, wou d’Auswierkungen elo schonn ze spiere sinn. Den FAO-Index ëmfaasst d’Verännerunge bei der Präisentwécklung pro Mount fir eng Rei vu Réistoffer a Liewensmëttel.

A munche Länner, besonnesch awer bei eisen däitschen Noperen, hunn d’Leit dowéinst mat Hamsterkeef ugefaangen. War et am Ufank vun der Pandemie den Toilettëpabeier, sou ass et dës Kéier Ueleg, deen a ville Butteker elo scho vergraff ass. De Bundesminister fir Ernärung a Landwirtschaft Cem Özdemir hat an deem Kader en Appell gemaach, d’Mënschen an Däitschland quasi ugebiedelt, datt et kee Grond géif gi fir Hamsterkeef.
Ma ebe grad hu vill Mënschen elo Angscht, dass verschidde Liewensmëttel kéinte knapp ginn an d’Präisser doduerch weider klammen, bedenkt ee jo, dass Russland an d’Ukrain déi gréissten Exportlänner vu Weess an Ueleg sinn. Dobäi kënnt, dass d’Energiepräisser enorm klammen.
Eleng de Bëlleg-Discounter Aldi hat d’lescht Woch d’Präisser vun iwwer 160 Produiten erhéicht, wat als Suitte hat, dass nach weider gehamstert gouf an d’Regaler eidel kaf gi sinn. Dobäi kënnt, soubal d’Mënschen eidel Regaler gesinn, wiisst den Drock, fir sech selwer méi anzekafen an eng Reserv unzeleeën. En Däiwelskrees, duerch deen d’Knappheet vu verschiddene Liewensmëttel nach méi provozéiert gëtt. Dovun ofgesinn huet Ueleg e Verfallsdatum.
Bei eise franséischen Noperen ass net just de Sonneblummenueleg knapp ginn, do kafen d’Mënsche verstäerkt och Nuddelen a Miel an.

Iwwerdeems huet d’Ukrain der EU eng detailléiert Lëscht mat néidegen landwirtschaftleche Produite geschéckt. Den EU-Landwirtschaftskommissär Janusz Wojciechowski sot bei engem Treffe vun den EU-Agrarministeren, dass ënner anerem Sprit, Geseems, Dünger, Pestiziden, Medikamenter fir Déieren a landwirtschaftlech Maschinne gebraucht ginn. Dëst missten bannent e puer Wochen zur Verfügung gestallt ginn, fir kënne Mais a Sonneblummen ze séinen.
De franséische Minister Julien Denormandie huet bericht, dass Kiew beméit ass, d’Produktioun vu landwirtschaftleche Produiten, wou ëmmer et méiglech ass, wëllen oprecht ze erhalen. Op 50 bis 70 Prozent vum ukraineschen Terrain kann nach ugebaut a recoltéiert ginn.