InternationalWeltwäit sinn et iwwer 373.000 confirméiert Coronavirus-Infizéierter

RTL Lëtzebuerg
Knapp 16.000 Doudeger goufe bis ewell gezielt a ronn 101.000 Patienten, déi konnte geheelt ginn. An Europa ginn et iwwert 150.000 Infizéierter gezielt.

Wéinst der Corona-Virus Krise sinn um Méindeg zwou wichteg Videokonferenzen op EU-Niveau. Moies tëscht den EU-Ausseministeren. Ënnert anerem geet et do drëm, déi honnertdausenden europäesch Touristen heem ze bréngen, déi am Ausland festsetzen.
A mëttes ass et un den EU-Finanzministeren. Si sichen no Hëllefe fir d’Economie, awer och fir d’Member-Länner selwer. Notamment gëtt iwwert d’Aussetze vun den europäeschen Defizitreegelen diskutéiert.

Bal 800 Doudeger an engem Dag. An Italien, schéngt et wéi wann och extrem Mesuren, näischt géint de Coronavirus géingen déngen. Eng weider gouf e Sonndeg decidéiert: All Entreprisen a Fabricken , déi net liewenswichteg sinn, missen zou bleiwen.

An Däitschland gëllt fir déi nächst zwou Wochen e Kontaktverbued fir méi ewéi zwou Persounen. Exceptioune gëlle fir Leit, déi an engem Stot wunnen. Bayern wëll d’Limitatioun vun zwou Persounen awer net unhuelen.
Iwwerdeems ass elo och d’Kanzlerin Merkel doheem a Quarantän. Si hat Kontakt mat engem Infizéierten.
D’Zuel vun den Infizéierte läit um Méindeg de Moie bei iwwer 25.000, woubäi schonn 109 Persounen ëm d’Liewe komm sinn.

A Rumänien goufen et elo déi 3 éischt Doudesaffer duerch de Coronavirus. Eeler Persounen déi scho krank waren.
Vun haut un gëllen a Rumänien och Restriktiounen wéi vill Leit, nach wou hin däerfen.

Zu New York klëmmt d’Zuel vun den Coronavirus-Infizéierten ganz séier. Mir si geschwënn bei 10.000 Fäll, sou de Buergermeeschter de Blasio. Dat wier en Drëttel vun allen Infizéierten an den USA.

A Russland bleiwen vun dësem Méindeg un, eng éischte Kéier all d’Schoule wéinst dem Coronavirus zou.

An engem Prisong zu Bogota a Kolumbien hunn Prisonéier géint Corona-Mesurë revoltéiert. 23 Detenuen koumen dobäi ëm d’Liewen.

Back to Top
CIM LOGO