Korrespondenz aus den USAWie plënnert am Januar an dat Wäisst Haus?

RTL Lëtzebuerg
Sondagë gehéieren zum amerikanesche Walkampf wéi d'Debaten op der Televisioun. Mee wéi vertrauenswierdeg sinn déi Sondagen? Eng Korrespondenz aus den USA.
© AFP

Wann een deene leschte Sondagë gleewen däerf, dann heescht dee 47. US-Präsident entweder Kamala Harris oder Donald Trump. Méi genee wëll sech kee respektabele Meenungsfuerscher festleeën. Jiddereen huet nach gutt an Erënnerung, wéi fatzeg d’Sondagë bei leschte Walen dernieft louchen.

Wie plënnert am Januar an dat Wäisst Haus? (Reportage George Zens)

Déi lescht puer Joer hunn déi grouss Meenungsfuerschungsinstituter domat verbruecht, ze probéieren, erauszefannen, firwat si sech an de rezente Walen esou spektakulär geiert hunn. Dass Walpronosticke falsch sinn, dat ass natierlech net nei. Mee et hat ee gemengt, datt mat Computertechnologie a modernen Analysmethoden d’Resultater géinge besser ginn. Mee dat ass ganz kloer net geschitt.

Enger Enquête vun der American Association for Public Opinion Research no haten d’Meenungsfuerscher virun de Wale vun 2020 wichteg Deeler vun der Populatioun guer net ëm hir Meenung gefrot, entweder well se net u se komm sinn oder well se hiren Impakt ënnerschat haten.

Dobäi huet et sech haaptsächlech ëm wäiss Aarbechter gehandelt, déi traditionell demokratesch gewielt haten, mee zanter 2016 massiv den Donald Trump gestëmmt hunn. Et sinn zanterhier zwar Efforte gemaach ginn, fir dat ze rektifizéieren, mee elo gëtt gefaart, datt d’Meenungsfuerscher eventuell en anere Changement kéinte verpasst hunn. Et handelt sech dobäi ëm schwaarz a latäinamerikanesch Männer, déi vun den Demokrate bei d’Republikaner wiesselen.

Vill Sondagë ginn ewell mat verschiddene Variante presentéiert. Sou zum Beispill d’Resultat vum Sondage selwer an dann do niewendrun dee selwechte Sondage ajustéiert mat de Feelerquote vun de Jore virdrun. Mat dräi Variante kënnt een dann zu dräi verschiddene Conclusiounen. Differenzéiert gëtt och tëscht nationale Sondagen a Sondagen an deenen eenzele Staaten. Dës lescht Resultater si wichteg, well den US-Präsident jo net direkt national gewielt gëtt, mee vun engem Collège électoral, dee sech aus Walleit aus deenen eenzele Staaten zesummesetzt.

Sou oder sou weisen d’Sondagen, datt et knapps eng Woch virun de Wale ganz enk ass an, datt souwuel d’Kamala Harris wéi den Donald Trump eng fifty-fifty Chance drop hunn, am Januar an d’Wäisst Haus ze plënneren.

Back to Top
CIM LOGO