Viraussiichtlechen neien US-GesondheetsministerWien ass de Robert F. Kennedy Jr. a firwat ass hien esou ëmstridden?

RTL Lëtzebuerg
Kaum ee Minister gëtt mat méi Spannung erwaart, wéi de Robert F. Kennedy Jr., deem seng Usiichte kontrovers diskutéiert ginn.
© AFP/Archiv/KAMIL KRZACZYNSKI

Wann dem neien US-Präsident Donald Trump seng Regierungsekipp esou confirméiert gëtt, wéi hie se proposéiert huet, da wäert et eng vun deenen aussergewéinlechsten Administratiounen an der rezenter amerikanescher Geschicht sinn.

Korrespondenz aus den USA

De 70 Joer ale Robert F. Kennedy Jr. ass den Neveu vum fréieren US-Präsident John F. Kennedy. De studéierten Affekot huet sech scho fréi en Numm gemaach als Ëmweltschützer, an huet eng ganz Rei vu Geriichtsaffäre géint industriell an institutionell Pollueure gewonnen. Hien huet och vill Campagnë géint Ëmweltzerstéierung gefouert, dorënner géint d’US Navy a géint grouss Elektrizitéitsproduzenten an den USA an an anere Länner. Hien huet sech och vill agesat fir d’Mënscherechter a géint wirtschaftlech Inegalitéit an Aarmut.

Am Laf vun de Joren ass hien dunn allerdéngs haaptsächlech duerch méi kontrovers Aussoen an Aktioune bekannt ginn, dorënner besonnesch seng Oppositioun zu Impfungen. Hien huet vill dozou bäigedroen, d’Theorie ze verbreeden, dass Impfunge bei Kanner kënnen Autismus provozéieren. De Lien tëscht Impfungen an Autismus ass zwar wëssenschaftlech net haltbar, mee vill Leit gleewen et trotzdeem. Hien ass och e schaarfe Kritiker vum Gesondheetssecteur, der pharmazeutescher Industrie an der traditioneller Medezin.

Politesch war hie laang no bei der Demokratescher Partei, mee 2024 ass hien als Independent an de Presidentschaftswalkampf gaangen. Seng Campagne ass allerdéngs ni richteg an d’Rulle komm, an huet hien déi politesch Welt iwwerrascht, wéi hien am August seng Presidentschaftskandidatur opginn huet a sech fir den Donald Trump ausgeschwat huet.

Dass den Donald Trump de Robert F. Kennedy elo als Gesondheetsminister nominéiert huet, schléit héich Welle beim medezineschen Establishment. Dobäi schéngt et kloer, dass déi Nominatioun net nëmmen eng Belounung ass fir de Kennedy, mee och eng Warnung fir d’Gesondheetsbürokratie. Souwuel de Center for Disease Control, wéi och den National Institute of Health hu sech wärend der Pandemie bei groussen Deeler vun der Bevëlkerung onbeléift gemaach. An och d’Food and Drug Administration steet vill an der Kritik, wärend déi gesamt Gesondheetsindustrie iwwerparteilech verhaasst ass.

D’Meenungen iwwert de Robert F. Kennedy gi wäit auserneen, mee seng Supporteren a seng Géigner komme jee no Sujet aus alle politesche Lager. Bal universell begréisst gëtt allerdéngs eent vu sengen Ziler, an zwar dat, d’Reklamme fir Medikamenter op der Televisioun ze verbidden. Dat huet bis elo nach Kee fäerdeg bruecht.

Back to Top
CIM LOGO