“Hoffnung amplaz Haass”Wien ass den Joe Biden? E Portrait

Petz Bartz
Ween ass lo dee Mann deen di schwéier Successioun vum Donald Trump iwwerhëlt? E Portrait den Duo Biden/Harris an éischt international Reaktiounen.
Wien ass den Joe Biden? E Portrait.
Ween ass lo dee Mann deen di schwéier Successioun vum Donald Trump iwwerhëlt? E Portrait den Duo Biden/Harris an éischt international Reaktiounen.

Den Joe Biden ass een ale Fuuss an der Politik, dee virun 30 Joer scho mol wollt President ginn. Ee Mann och dee vill perséinlech Schicksalsschléi a sengem Liewe matgemaach huet, mam Doud vu senger éischter Fra , senger klenger Duechter an engem erwuessene Fils. An u senger Säit eng staark, 22 Joer méi jonk Vizepresidentin.

Wéi Amerika nach déif geschlof huet, war d’Fest an Tamil Nadu, am Südoste vun Indien, an deem Duerf vu wou aus d’Famill vun der éischter US-Vizepresidentin Kamala Harris an d’USA a Kalifornien ausgewandert war, schonn am Gaang.

E puer Stonne virdru stoung si nach zesumme mam US-President Joe Biden beim Lincoln Memorial zu Washington, fir den iwwer 400.000 Doudesfäll duerch COVID-19 am Land ze gedenken. Eleng deen Ament schonn definéiert de Stellewäert vun Anstand a Respekt an der neier Presidentschaft, déi vun enger Majoritéit erwaart an erhofft gëtt, eng mat staatsmännesche Qualitéiten.

Fir den Joe Biden aus Delaware dierft, och mat 8 Joer Beruffserfarung als fréiere Vizepresident nieft dem Barack Obama d’Pandemie déi gréisst Erausfuerderung sinn. Den Joe Biden, esou gëtt an Europa erwaart, wäert awer och de President sinn, deen d’Isolatioun vun den USA brécht an d’Land zréck féiert an de Multilateralismus.

“No 4 laange Joren huet Europa erëm e Frënd am Wäissen Haus”, sou d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen.

A Groussbritannien, dem traditionell enksten Alliéierte vun den USA, ass de Premier Boris Johnson eng Grimmel an der Zwéckmillchen. En huet aus sengem Faibel fir den Trump ni en Heel gemaach. Politesch an ideologesch passt de Biden awer däitlech besser bei den oppositionelle Labour-Chef Keir Starmer. Et wier eng Victoire vun der Hoffnung iwwert den Haass an ee richtegen Ament vun Optimismus an den USA an dem Rescht vun der Welt.

“America United” Den Joe Biden gouf als 46. President vun de Vereenegte Staate vereedegt

Back to Top
CIM LOGO