
Dat géing d‘Lag nämlech weider destabiliséieren an och déi humanitär Krise weider verschäerfen, sou de russesche President. Am Gespréich, wat den offiziellen Informatiounen no, 80 Minutte gedauert huet, hätte souwuel de Scholz wéi och de Macron een direkte Waffestëllstand an ee Réckzuch vun de russeschen Truppe gefuerdert. Donieft hätte béid Staatscheffen och dofir plädéiert, dass déi ronn 2500 Kämpfer aus dem Stolwierk bei Mariupol direkt solle fräi gelooss ginn. De Putin hätt sech bereet gewise Friddensgespréicher mat Kiew nees opzehuelen.
E weider Sujet am Telefonsgespréich war och déi weltwäit Liewensmëttelsécherheet. D‘Europäer fuerderen dass Russland ophält déi ukrainesch Häfen ze blockéieren, fir dass Kiew nees Weess kann exportéieren. De Putin hätt sech bereet gewisen, fir den Export vun Agrarproduiten an och Dünger nees méiglech ze maachen, wann d‘Sanktioune géint Moskau géingen opgehuewe ginn. Dës Fuerderung hat de russesche President schonn am Gespréich mam italienesche Ministerpresident Draghi gemaach.
Eng ganz Partie Staaten, dorënner d‘USA a Groussbritannien haten doropshin direkt matgedeelt, dass et keng Diskussiounen iwwer een Ophiewe vun de Sanktioune wäert ginn. D‘Sanktioune géint Russland géinge weder den Export vu Gidder nach déi néideg Geld-Transaktioune behënneren.